Ausbléck: Emmer méi Sonn, gläich rem ëm 15 Grad

Um Dënschden haate mir duerch de Passage vun enger schwaacher Kaalfront e klengen Dämpfer ofkritt. Et koum awer nëmmen zu gerénge Nidderschlagsquantitéiten. Elo soll et scho rem däitlech biergop goen.

Et geet däitlech ze waarem weider

Och an de nächsten Deeg wärt de Wanter keng Chance hunn. Et soll bis de Weekend mat a souguer driwwer eraus Dag vir Dag besser ginn.

Um Mëttwoch si nach eng Partie Wollécken ze erwaarden, e puer sonneg Momenter kënnen awer virkommen. D’Temperature packen et op 8 bis 12 Grad, dat bei engem schwaache Südwestwand. Um Donnëschde gëtt et schon e Stéck manner wolléckeg, soudass sech d’Sonn besser weise komme kann. Mat 9 bis 13 Grad klammen d’Temperature nach net bedeitend.

Méi däitlech biergop soll et de Freide goen. Et wärte nëmme nach e puer kleng Wollécken duerchzéien, dat bei ville sonnëge Momenter. D’Werter ereechen 10 bis 16 Grad. De Samsden, Sonndën a Méinde solle ganz ähnlech verlafen. Dagsiwwer weist sech d’Sonn déi meecht Zäit, just heiansdo ka mol eng kleng Wolléck d’Sonn verdecken. Et ginn tëschen 10 a 15 Grad ereecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Osten. Méi wéi 30 km/h sollen awer net ereecht ginn.

Dagsiwwer gëtt et also mëll bis waarem, an de Nuechten kann et trotzdem nach an de niddrëge Minusberäich zréckgoen.

Ëm 10 Grad iwwert dem Duerchschnëtt

D’Temperature, wéi mir se schon d’lescht Woch haaten, a wéi mir se elo gläich rem kréien, iwwerschreiden d’30-jähreg Moyenne bei wäitem. De Modellrechnunge no schéissen d’Werter demnächst rem ëm 10 Grad driwwer eraus, an enger Héicht vun annerhalwem Kilometer sollen et souguer bis zu 15 Grad sinn. Dat entsprëcht tatsächlechen Temperature vun iwwer 15 Grad um Buedem, also do, wou mir eis beweegen.

Ab dem Ufank vum März probéiere sech krampfhaft méi kill Loftmassen duerchzesetzen. Mol kucken, ob se et packen oder ob déi waarem Phase op e Neits verlängert gëtt.