Ausbléck: En Donneschden erwaart eis eng maskéiert Kalfront

En Donneschde gëtt et iwwer Deeler vu Mëtteleuropa interessant, dat duerch eng sougenannt “maskéiert Kalfront”. Wat ass dat? A wat hu mir zu Lëtzebuerg ze erwaarden?

Advertisement

Wat ass eng maskéiert Kalfront?

Bei enger maskéierter Kalfront handelt et sech eigentlech ëmt eng Kalfront. Genannt gëtt se awer esou, well se a Relatioun zu der souwisou schonn presenter Keelt iwwert dem Festland méi mëll Loftmasse vum Mier an den ënneschte Loftschichte mat séch dréit. Esou kënnt et also vir, dass d’Temperaturen um Buedem nom Passage vun der Kalfront trotzdeem klammen. Maskéiert Kalfronte komme virun allem am Wanter vir, well de beschriwwene Setup wärend den anere Joreszäiten immens onwarscheinlech ass.

Auswierkunge vun dëser Kalfront

D’Wiedermodeller deite schonn zanter e puer Deeg un, dass an de fréie Moiesstonne vum Donneschde virun allem iwwert dem nordwestlechen Däitschland, mee awer och Deeler vun Holland & der Belsch zu engem Mix aus Schnéi & Glëtz komme kann, wat natierlech e puer spannend Stonnen am Beruffsverkéier bedeite géif.


D’Iwwersiicht vum wanterleche Wieder laut ICON. Orange agezeechent sinn déi Plaze, wou géint 5 Auer Glëtz fale kann | Grafik: wxcharts.com

A Richtung Süde gëtt d’Situatioun awer méi schwéier virauszesoen, an do gehéiert och Lëtzebuerg dozou. Aktuelle Modellrechnunge no zitt dës Front sécher iwwert eis ewech, just soll se dem Gros vun de Berechnunge no schonn gréisstendeels erdiichtert sinn, ier se bei eis ukënnt. Et gëtt héchstens mat e puer liichte Nidderschléi gerechent, dat a wanterlecher Form wéi Schnéireen a Schnéischaueren. Stand elo beschränkt sech de Risk mam geféierleche Glëtz méi op déi virdru genannt Géigenden, also éischter net op eis. Ännert eppes, da kënnt en Update.

Wat bedeit dës Front?

Den Duerchzuch vun dëser Front kënnegt awer un, dass et méi onbestänneg bei eis gëtt. De momentanen Héichdrockafloss gëtt lues a lues verdrängt, a Richtung kommende Méinde rechnen d’Modeller ëmmer méi oft mat méi turbulenten Zenarien iwwert der Nordséi & Norddäitschland, déi och en Afloss op Lëtzebuerg wäerten hunn.