Ausbléck: En Donneschden erwëscht eis dat éischt Wandfeld

Et ka gutt sinn, dass eis an dëser Woch nach e Stuerm an d'Haus steet. Den Ufank mécht den Donneschden, dat mat spierbarem Wand bis hin zu stiermesche Wandstéiss.

Titelbild: dpa

Randdéif bréngt stiermesche Wand & staarke Reen

En Donneschde gerode mir ënnert den Afloss vun zwee Randdéifer. Dat engt erwëscht eis an de Moiesstonnen, dat anert méi markant betrëfft eis a Richtung spéideren Owend. Et kënnt also Schwong an d’Wiedergeschéien zu Lëtzebuerg.

De Wand

Den europäesche Wiedermodell rechent spéitstens vum spéidere Virmëtten un mat däitlech spierbare Wandstéiss, an de Spëtzte kënne schonn mol 50 km/h erreecht ginn, op de Koppen och e bësse méi. Bis an de Nomëtten era bleift et lefteg, et schwankt awer ëmmer erëm tëscht schwaach a méi stramm hin an hier. Vum spéideren Owend zitt dat zweet Randdéif iwwer d’Nordséi ewech, Lëtzebuerg geréit also an en zweet Wandfeld. Duerch dëst ass an der Nuecht op de Freide mat Vitesse vun tëscht 50 a 75 km/h ze rechnen. Och den amerikanesche Wiedermodell GFS ënnerstëtzt dësen Oflaf. Et wier also nach kee richtege Stuerm, stiermesch Wandstéiss bis eenzel Stuermstéiss kéinten awer net ausgeschloss ginn – besonnesch exponéierte Plazen oder Koppen.


D’Wandfeld fir den Donneschdenowend, berechent vum ECMWF | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Reen

Duerch de Passage vun dësen zwee Wandfelder kënnt och e Batz Reen op Lëtzebuerg. Vum fréien Donneschdemoie bis an de spéideren Owend era sinn dem europäesche Wiedermodell no 10 bis 20 l/m² Reen ze erwaarden. Zesumme mam Wand gëtt dat also en immens ongemittlechen Dag. Och den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 10 a 15 l/m², a Richtung äusserste Westen esouguer eppes driwwer.


Den akkumuléierte Reen bis den Donneschden inclus | Grafik: wxcharts.com

Just den Ufank

E richtegt Stuermfeld soll eis dann de momentane Modeller no ëmmer nach fir e Freiden an d’Haus stoen. Stuermstéiss bis hin zu schwéier Stuermstéiss vun tëscht 75 a 85 km/h si méiglech. Dozou awer an engem aneren Artikel méi.