Ausbléck: Eng dréchen éischt Wochenhallschent steet un

De Reen bleift, wéi scho gesot, e raren Artikel. All Drëps déi an de nächsten Deeg erofkënnt ass déi bekannt “Drëps op de waarme Steen”.

Op de mannste Plaze gëtt et naass

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat dréchene 0 bis 1 l/m², dat “meescht” dovu wier am äusserste Südwesten, Süden a Südosten ze erwaarden. A wann, dann och schon direkt haut – eben am Beräich vun der Kalfront.

Den europäeschen ECMWF rechent nëmmen haut mat e bësse Reen, an dat och erëm duerch déi schwaach Kalfront. Muer an iwwermuer soll et dréche bleiwen – wat am Endeffekt bei tëscht 0 an 2 l/m² resultéiert.

De franséische Modell ARPEGE rechent mat 0 bis 1 l/m². Et soll iwwerall e bësse naass kënne ginn, ausser am Norden a Nordweste vum Land. Zu gudder Lescht nach den däitschen ICON, dee mat guer näischt rechent. 0,0 l/m² gi simuléiert.