Ausbléck: Eng weider dréche Woch steet un

Dës Woch sti mir haaptsächlech ënner Héichdrockafloss. Nëmmen zäitweis si kuerz Stéierunge méiglech, iwwerdeems plazeweis a lokal begrenzt mol e Schluet erofkomme kann.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat akkumuléierte Reequantitéite vun tëscht 0 an 1 l/m². Den europäeschen ECMWF läit net wäit dovun ewech a rechent mat 1 bis 2 l/m². Dobäi soll de “meeschte” Reen tendenziell am südleche Lëtzebuerg erofkommen.

De franséische Wiedermodell ARPEGE gesäit et esou wéi den amerikanesche GFS a berechent tëscht 0 an 1 l/m². Am dréchenste soll et an der Mëtt vum Land bleiwen, iwwerdeems déi “héchst” Reequantitéiten am Norde souwéi och am Süde méiglech solle sinn.

Den däitschen ICON rechent och gréisstendeels mat guer näischt, just an der Géigend vun Dikrech/Veianen an deem Beräich soll et punktuell zu Schauere kënne komme, wou mol bis zu 2 l/m² méiglech wieren.

Fazit: Op de meeschte Plaze bleift et wuel éischter dréche, just lokal kann et fir e bësse Reen duergoen.