Ausbléck: Esou verleeft de Rescht vun der Woch

Gro, gro a nach eng Kéier gro – esou ass dat momentant Wieder am beschten ze beschreiwen. Geet et wierklech bis de Sonnden esou virun?

Héije Loftdrock huet Iwwerhand

Et ass net ze gleewe, mee mir leien de Moment tatsächlech gréisstendeels ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock. Dësen ass amgaange sech vum Atlantik hier ëmmer méi iwwert eis Käpp ze drécken, mee mécht d’Situatioun an de nächsten Deeg net vill besser. Et erwaarden eis weider Deeg mat héije Wolleken resp. Héichniwwel, dee besonnesch zéi ausfale kann. Den Donneschde kéint et kuerzzäiteg zu enger besserer Chance op méi frëndlech Momenter kommen.


D’Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Haut um Mëttwoch ass d’Luucht erëm meeschtens zou, am Laf vum Dag ass och mol mat Fisemreen ze rechnen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 6 an 8 Grad. Muer um Donneschde sinn d’Konditioune quasi déi selwecht, se ënnerscheede sech net staark vuneneen. An trotzdeem stinn d’Chancen op e puer sonneg Momenter dotëscht e bësse besser wéi an den Deeg virdrun, virun allem wann de Buedemniwwel et wierklech packt, sech opzeléisen. 7 bis 9 Grad stinn un. De Freide solle mir dem aktuelle Stand no erëm e Stéckchen zréckfalen, et gëtt erëm méi oft gro an de Fisemreen wier erëm méi oft bei eis vertrueden. 7 bis 11 Grad.

De Weekend selwer hätte mir de Samsden, wou et mat Chance zu e puer sonneg Momenter komme kann. De Sonnde wier bei ville Wolleken a Schaueren erëm e méi ongemittlechen Dag. De Samsde wiere mir dem momentane Stand no mat 7 bis 10 Grad dobäi, um Sonnde mat 6 bis 9 Grad.