Ausbléck: Et gëtt erëm méi naass zu Lëtzebuerg

Vun haut u soll et erëm méi reenen. Dem engen oder anere Modell no kéint et esouguer rëm fir gréisser Quantitéiten duergoen.

Besonnesch ECMWF am naassten

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 9 a 15 l/m². Am mannste soll am Nordoste vum Land erofkommen, dat meescht laanscht de Westen a Südwesten. Den europäeschen ECMWF simuléiert gréisser Quantitéite vun tëscht 16 an 31 l/m² op eis duerkommen. Ëm 20 l/m² dovu solle groussflächeg ze erwaarde sinn, dat mannst am Südoste vum Land. Dëst ass awer den eenzege vun den ausgesichte Modeller, deen esou héich Quantitéite rechent.

De franséischen ARPEGE gesäit 5 bis 16 l/m² op eis duerkommen, am naasste gëtt et dëser Simulatioun no am Nordwesten. Den däitschen ICON rechent tëscht 6 a 16 l/m² a läit soumat bal op enger Linn mam ARPEGE an och GFS.

Fazit: Wéi et ausgesäit, sinn d’Reequantitéite bis de Freiden op tëscht 5 a 16 l/m² ze begrenzen, just plazeweis kéint et ënner Ëmstänn driwwergoen.

D’Wiederprognose fir déi nächst Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.