Ausbléck: Et sti weiderhin dréchen Zäiten un

Stabilt Héichdrockwieder kritt sech erëm duerchgesat. Dëst heescht an dësem Fall: héich Temperaturen a leider erëm net all ze vill Reen.

Reendefizit geet virun

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass, anescht wéi d’lescht Kéier, däitlech manner optimistesch ënnerwee. E rechent mat genee näischt bis de Freidenowend spéit. Dem europäesche Modell ECMWF no soll et punktuell begrenzt zu héchstens 1 l/m² kënne komme, mee dat ass als zimmlech onwarscheinlech anzestufen.

Den däitschen an och de franséische Modell ARPEGE rechne bis un de Schluss vun der genannter Zäitspan mat 0 l/m² Reen.

Kuckt een e bësse méi wäit, da kéint sech am Laf vum Weekend eng Phas ukënnegen, an där d’Warscheinlechkeet vun engem lokalen an isoléierten Hëtztdonnerwieder net null ass. Groussflächege Reen sollte mir demnächst awer zimmlech sécher kee kréien.