Ausbléck: Fir en Dënschde klëmmt den Donnerwiederrisk

Eenzelne Modeller no wier an der Groussregioun lokal och mat Staarkreen a Stuermstéiss ze rechnen.

Advertisement

D’Situatioun

En Dënschde wandert en Déifdrockgebitt vun der Bretagne aus a Richtung Belsch a kënnt e Mëttwoch an der Osthallschent vun Däitschland un. Iwwerdeems d’Déif nach westlech vun eis läit an eis méi no kënnt, ginn op der viichter Säit (Vorderseite) mëll Loftmassen vu Mëttelmierraum aus iwwert d’Alpen bis an eis Géigenden transportéiert. An dësem Virfeld baut sech e bësse potenziell Energie (CAPE) fir Donnerwieder op, déi sech duerch den Hiewungseffekt vun der Kalfront, déi mam Déif duerchzitt, op hirem Lafwee a Form vu Schaueren an Donnerwieder entlued. D’Gebitt mat der héchster Warscheinlechkeet vun Donnerwieder zitt sech vum zentrale Frankräich iwwer BeneLux bis an de Nordweste vun Däitschland eran.


D’Nidderschlagssignaler fir en Dënschden laut ICON-EU-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Vum Modus hier géif et sech haaptsächlech, also der Majoritéit vun de Modeller no, ëm lokal Nidderschléi handelen – also Schaueren an Dimmeren. Se trieden also bei wäitem net iwwerall op a géifen dann zumools a Saache Staarkreen mol opfalen. Momentan beobachte mir awer nach d’Léisung vum Kachelmann Super-HD-Modell, deen fir den Dënschdenowend esouguer Donnerwiederfront net wëll ausschléissen, déi aus dem nërdleche Frankräich a Richtung Lëtzebuerg/Saarland soll gezu kommen.

Et handelt sech heibäi zwar ëmmer nach net ëmt déi typesch Summerdonnerwieder-Intensitéiten, an awer kënne lokal och mol warnrelevant Phänomeener net ausgeschloss ginn. Haaptsächlech kann et un de kräftegsten Zellen/Segmenter zu Staarkreen kommen. Sekundär zielen och kräfteg Wandstéiss zur Optioun – a falls sech déi besot Front wierklech sollt entwéckelen, da wieren ënnert hir Stuermstéiss vun ëm 90 km/h net ausgeschloss.