Ausbléck: Gefillt Temperature vu bal -20 Grad ze erwaarden

Den Dauerfrascht huet sech zu Lëtzebuerg duerchgesat. Firwat sech dat ganzt awer méi kal ufille wäert, wéi et eigentlech ass, gitt Dir an dësem Artikel gewuer.

Gefillt méi kal wéi et eigentlech ass

Eis Temperature leien an Tëschenzäit och dagsiwwer ënnert dem Gefréierpunkt. An de Nuechte geet et net rar op bis zu -10 Grad zréck, lokal och bëssen drënner. An der Nuecht op de Mëttwoch falen d’Lofttemperaturen op tëscht -6 a -10 Grad, lokal och -11 Grad. An der Nuecht op den Donneschden, resp. um fréien Donneschdemoien, hu mir et mat Wäerter vun tëscht -7 a -12 Grad ze dinn. Och um fréie Freidemoie solle Wäerter vun tëscht -6 a -10 Grad gemooss ginn.


De Verlaf vun de polare Loftmassen | Animatioun: wxcharts.com

Mee wat huet et elo mam Wind Chill op sech? Vereinfacht gesot, versteet een ënnert dem Wind Chill déi gefillt Temperatur, virausgesot d’Lofttemperatur läit bei ongeféier ënner 10 Grad. Duerch de Wand fille sech déi niddreg Temperature nämlech méi kill un wéi se eigentlech sinn. Hu mir et souwisou schonn mat richteg niddregen Temperaturen ze dinn an de Wand bléist iwwerdeems bësse méi spierbar, dann huele mir dës niddreg Temperaturen als nach méi niddreg wouer. Sou sollen déi gefillt Temperaturen um Mëttwochmoien tëscht -9 a -18 Grad leien, um fréien Donneschdemoien tëscht -9 a -14 Grad an um fréie Freidemoien tëscht -10 a -16 Grad.