Ausbléck: Héchstens um Sonnde mol Nidderschléi duerch Stéierung méiglech

Duerch de meeschtens héije Loftdrock ass a nächster Zäit mat net all ze ville Nidderschléi bei eis ze rechnen.

Et wäert net all ze vill reenen

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 0 bis 0,4 l/m². Bis de Sonndenomëtte sollt et awer komplett dréche bleiwen. Och den ECMWF rechent domat, dass et bis an de Laf vum Sonnden eran dréche bleift, mee d’Quantitéite solle méi héich ausfalen. Simuléiert ginn 1 bis 3 l/m². Laanscht de Nordoste vum Land gëtt am meeschte Reen gerechent.

De franséischen ARPEGE rechent mat 0 bis 2 l/m², vun der Nuecht op de Sonnden u soll et op éischte Plaze reene kënnen. Déi selwecht Quantitéite gi vum ICON berechent, mee dësem Modell no kéim de Reen och eréischt am Laf vum Sonndemëtten op eis duer.

Bis de Sonnde soll et also dréche bleiwen, ier eis um Sonnde selwer dann eng kuerz Stéierung erwaart, duerch déi et plazeweis ka naass ginn. Vill ass do awer net dobäi. D’Prognose fir déi nächst Deeg fannt Dir hei.