Ausbléck: Héichdrockafloss a wéi sech dat op eis auswierkt

Den Atlantik ass an de nächsten Deeg erëm méi oder manner blockéiert. Frontesystemer mat Reen kënnen esou séier net méi op eis iwwergräifen.

Thema Niwwel a Frascht an de Nuechten

Duerch de stabilen Héichdrockafloss an déi feelend Beweegung an der Atmosphär duerch Wand wäert et an de nächsten Deeg ëmmer erëm zu sougenannten Inversiounswiederlagen kommen. Normalerweis gëtt et mat der Héicht méi kill, mee bei dëse Situatioune leet sech déi waarm Loft iwwer déi méi schwéier kill Loft um Buedem. Et entsteet Niwwel, deen jee no Temperaturdifferenzen och méi déck ausfale kann. Deemno wéi kënnen d’Loftschichten duerch d’Astralung vun der Sonn net genuch “duerchmëscht” ginn, fir dass sech de Niwwel lues a lues opléist an d’Sonn sech schlussendlech duerchsetze kann. Dëse “Problemchen” huele mir an déi nächst Deeg mat an ass vun de Wiedermodeller hier och net ganz einfach ze simuléieren. Wéinst dësen Onsécherheete gëtt dëst Phänomen och nach gär Niwwel-Lotto genannt. De Samsden an de Sonnde kéint d’Warscheinlechkeet dovun duerch méi Wand manner grouss sinn, mee se geet Ufanks der nächster Woch erëm liicht an d’Luucht.


D’Héichdrockdominanz bis an déi nächst Woch eran grafesch duergestallt | Animatioun: wxcharts.com

An de Nuechte ginn d’Temperaturen op ronderëmt de Gefréierpunkt zréck. De Weekend iwwer si meeschtens Nuets- a Fréitemperature vun tëscht -1 an 3 Grad ze erwaarden. Duerch dës Inversiounswiederlage kënnen awer sougenannt Kälte-Seen entstoen, an deenen et nach e gutt Stéck méi kill ass. Am Fall dovu sinn och mol Wäerter bis ëm -5 Grad net auszeschléissen. Zesumme mat der Fiichtegkeet duerch de Niwwel sinn dowéinst och glat Stroosse net ganz auszeschléissen.

Wou ass de ganze Reen hin?

De Reen ass och erëm e gréissert Thema, mee net am gudde Sënn. Wann d’Wiedermodeller Reen rechnen, da kann et gutt sinn, dass et wärend dem nächste Modelllaf schonn erëm erausgerechent gouf. De Grond dofir ass deen, dass duerch den Héichdrockafloss nëmme ganz rar wierklech mol Nidderschléi, ausser Niwwel a liicht Gefisems, bei eis ukommen. Frontesystemer aus Weste kënne quasi keng eragezu kommen, well de Kontinent vun héijem Loftdrock “blockéiert” ass. Bis op mannst mol den 1. Dezember 2020 soll dat de Fall sinn, duerno kann et esouguer nach sou viru goen. D’Grousswieerlag ass méi oder manner festgefuer.


Kaum Reen fir eis Géigenden duerch massiven Héichdrockafloss | Grafik: wxcharts.com