Ausbléck: Kaal oder waarm? De Kampf tëschent de Loftmassen

An de leschten Deeg konnt een e puer interessant Modellleef vum amerikanesche GEFS (Global Ensemble Forecast System) suivéieren. Demno wéi a mat Chance kéint et nämlech a net all ze laanger Zäit däitlech méi waarem ginn wéi mir et aktuell dobaussen hunn.

Et bleift mol nach variabel

Bis et fläit dozou komme kéint, bleift et awer mol nach eng Zäit méi onbestänneg. Bis rondremt de 12. Mee (sou rechent de Modell et zumindest) soll dat ganzt unhalen, ier de Reen ëmmer méi rar gi sollt. Bis et souwäit ass, kann et awer nach zu Schauere kommen, déi deels méi zolitt ausfaale kënnen. D’Temperaturen hu just eng minimal Verännerung opzeweisen, bis de Weekend ännere se am Gesamtbild net wierklech vill.

Rem e klenge Virstouss vu kaale Loftmassen

Da kënnt de Weekend, méi genee gesoot de Sonnden: Den amerikaneschen souwéi och den europäesche Wiedermodell rechne mat engem weidere Virstouss vu kaale Loftmassen aus dem héije Norden, deen awer net méi sou markant ausfaale wärt. D’Temperature kënnen dohier um Sonnden an um Méinden minimal zréckgoen, méi spierbar awer wahrscheinlech an der Nuecht. Do besteht da ganz lokal rem d’Wahrscheinlechkeet vu Frascht.

Duerstellung via GEFS Ensemble (meteociel.fr)

Kaal oder waarm?

Wann dat iwwerstaanen ass, follegt e klenge “Kampf” tëschent de Loftmassen. Entweder areechen eis an der zweeter Halschend vun der nächster Woch nachemol méi kill Loftmassen aus dem Osten resp. Nordoste vun Europa oder et kënne sech no a no méi mëll Loftmasse bei eis breetmaachen. Sollt dat zweet antrieden, da kënnt dat an d’Spill, wat mir hei ënnen op der Grafik (iewechten Deel) gesinn.

Mat vill Chance kéinten d’Temperaturen an der zweeter Halschend vum Mee also rem gutt iwwer 20 Grad leien, anerefalls drënner mee awer e Stéckche méi héich wéi de Moment.