Ausbléck: Kaum Reen, Gefor vu Bränn klëmmt rasant

Fir d’Natur stinn an de nächsten Deeg batter Zäiten un. Et gëtt héichsummerlech waarm, dat mat Temperature vun tëscht 33 a 39 Grad – iwwerdeems wäert et ganz warscheinlech iwwerhaapt net reenen. D’Bësch- a Flächebrandgefor klëmmt séier.

Haut si mir séier fäerdeg mat der Beschreiwung. All ausgesichte Modell, also den amerikanesche Wiedermodell GFS, den europäeschen ECMWF, de franséischen APREGE an och den däitschen ICON rechnen alleguer, Stand 07.08.2020 – 02:16 Auer, mat genee 0 l/m² Reen bis an de fréie Méindemoien eran. Wa mir Pech hunn, da kréie mir bis nächst Woch e Mëttwoch keng Drëps Reen of.

Gitt gutt mat der Natur ëm. Duerch d’Dréchenheet klëmmt d’Gefor vu Bränn rasant.