Ausbléck: Keng all ze grouss Nidderschlagsquantitéiten ze erwaarden

An de nächsten Deeg kënnt et wuel zu liichte Nidderschléi, mee a Saache Quantitéite sollt et awer net fir vill duergoen.

An de nächsten Deeg leien eis Temperaturen dagsiwwer meeschtens tëscht -1 an 3 Grad. Doduerch ass, wann et zu Nidderschléi kënnt, mat Schnéireen an och Schnéischaueren ze rechnen. Besonnesch am Norden ass d’Warscheinlechkeet vu Flacken erëm am héchsten, mee och an der Südhallschent kann et awer dozou kommen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Mëttwoch inclus mat Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 0,5 an 2 l/m², dobäi soll dat meescht dovun am äusserste Norden erofkommen. Am dréchenste wier et deem no laanscht d’Musel. Den europäeschen ECMWF ass mat tëscht 2 bis 3 l/m² dobäi a gesäit, anescht wéi de GFS, de meeschte Nidderschlag laanscht d’Musel.


D’Nidderschléi bis de Mëttwoch inclus dem ICON no | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE ass mat 1 bis 3 l/m² dobäi a gesäit och, sou wéi den ECMWF, de meeschte Reen am Südoste vun eisem Land. Dat mannst soll un der Nordspëtzt falen. Den ICON mecht ee Mix aus allem a rechent am Südosten an och am Norden dat meescht, iwwerdeems an der Mëtt dat mannst fale soll. Tëscht 1 an 2 l/m² gi gerechent.

Hëlt een déi ausgesicht Modeller an et probéiert een op e gemeinsame Nenner ze kommen, da lande mir bei 1,125 bis 2,5 l/m², déi bis de Mëttwoch inclus iwwer Lëtzebuerg erofkomme sollen.