Ausbléck: Keng liicht Prognos a Punkto Reen

A Saache Reen ginn d’Modellrechnunge mol erëm eng Kéier méi wäit auserneen.

Gréisser Differenzen tëscht de Modellrechnungen

Fänke mir mam amerikanesche Modell GFS un, dee bis de Mëttwochowend spéit mat Quantitéite vun tëscht 4 a 9 l/m² rechent. Dat meescht dovu soll laanscht déi Belsch Grenz falen, dat mannst am Südoste vum Land. E kloren Ënnerscheed mecht den europäeschen ECMWF, dee Quantitéite vun tëscht 12 a 17 l/m² berechent. Den äusserste Norde sollt dësem Modell no am mannsten ofkréien, de Westen am meeschten.

Och de franéischen ARPEGE geet méi a Richtung ECMWF: Simuléiert ginn 18 bis 23 l/m², wat awer no e bëssen ze vill ausgesäit. De Süde wier am mannste naass, de Westen erëm am meeschten. Méi geméissegt (a realistesch) gesäit et den däitschen ICON mat 5 bis 12 l/m².

Wann ee kuckt, wéi vill an de leschten Deeg berechent gouf a wat wierklech gefall ass, ginn ech reng no Bauchgefill a Richtung GFS an ICON. Just ënner Ëmstänn sollten d’Simulatioune vum ECMWF an ARPEGE u Gewiicht gewanne kënnen. Ech halen Iech um Lafenden. D’Prognosen fir déi nächst Deeg fannt Dir hei.