Ausbléck: Kill Loftmasse probéiere sech ëmmer méi duerchzesetzen

Zanter der leschter Kéier, wou mir e bësse méi wäit an d’Zukunft gekuckt hunn, ass scho rem e bëssen Zäit vergaang. Mee zumols elo, wou déi kill Loftmassen ëmmer méi oft probéiere, sech duerchzesetzen, ass e Bléck awer dowäert.

Bis de Sonnde gëtt et tendenziell méi kill

Haut um Mëttwoch kréie mir et mat aussergewéinlech héijen Temperaturen fir Enn Oktober ze dinn. De Grond: En Déifdrockgebitt iwwert dem Norde vu Spuenien/Südweste vu Frankräich an en Héich iwwert dem Oste vun Europa. Waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum ginn op Lëtzebuerg gelenkt, an enger Héicht vun annerhalwem Kilometer ass et souguer 10 bis 12 Grad méi waarm, wéi et et normalerweis wier. Hei um Buedem weise sech des Temperaturen haut mat 17 bis 21 Grad, lokal begrenzt kéint et och a Richtung 23 Grad goen. Hätte mir nach Summer, da kéinten ënnert de selwechte Konditoune Wäerter vun iwwer 30 Grad areecht ginn.

Och muer um Donneschde bleift et viraussiichtlech zimmlech mëll mat 16 bis 20 Grad. Dat frëndlecht Hierschtwieder kënnt awer scho rem bëssen un d’Wacklen: d’Déifdrockgebitt, wat eis haut nach déi méi waarm Loftmasse bréngt, gëtt vun engem aneren Déif, wat mat séngem Kär nërdlech vu Schottland läit, quasi “absorbéiert”. Zur selwechter Zäit geroden och mir hei zu Lëtzebuerg ënnert den Afloss vun dësem Déif, soudass d’Temperature net méi grad sou héich Wäerter areechen an d’Wolleke lues a lues hire Wee zréck bei eis fanne wäerten. De nächste klenge Virstouss vu méi mëlle Loftmasse gëtt et dann um Freiden, deen duerch e Randdéif zustaane kënnt, wat engkéier vum Atlantik hier iwwert déi britesch Inselen a Richtung Norwegen rauscht. Sou waarm wéi haut gëtt et awer bei wäitem net méi, héchstens 18 Grad sinn aus aktueller Siicht dran.

De Verlaf bis de Weekend mat (GFS – wxcharts.com)

De Weekend leie mir sou zimmlech un der Grenz tëscht Héich an Déif, soudass mir et wahrscheinlech rem mat méi Wolleken a mat enger liicht méi héijer Schauerwahrscheinlechkeet ze di kréien. Et gëtt méi kill, um Sonnde solle beispillsweis nach em 14 Grad areecht ginn.

Kill Loftmasse ginn ëmmer méi en Thema

Opgepasst: Vun hei un ass de Verlaf net ganz secher, well mir elo op déi nächst Woch kucken. Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit bis de Mëttwoch keng gréisser Ännerungen, virun allem wat d’Temperaturen ugeet. Enn der Woch soll et rem méi waarm ginn, dat duerch en ähnlecht Szenario wéi dat, wat mir haut hunn: déiwe Loftdrock um Atlantik, héije Loftdrock iwwert dem Oste vun Europa. Temperature vun em 18 Grad wieren rem denkbar. MEE: Den europäesche Wiedermodell ECMWF gesäit dat anescht. Et solle méi kill Loftmassen eragezu kommen an och generell sollten déi méi kill Loftmassen a nächster Zäit méi Chancen hunn, wéi déi méi mëll.

Zwee Deeg, nodeems den ECMWF déi kill Loftmasse komme gesäit, also Sonndes den 3. November, soll et och dem GFS no zimmlech kaal ginn. Zumols an de Nuechtstonne géif d’Wahrscheinlechkeet vu lokale Schnéischauere bestoe, sollt sech dësen Trend duerchsetzen.

Kaalloftabréch ginn ëmmer méi wahrscheinlech (GFS – wxcharts.com)