Ausbléck: Méi mëll Zäite stinn un

Nodeems de Wanter op de meeschte Plazen am Land kuerz laanscht kucke komm ass, ass demnächst mat enger Erwiermung ze rechnen.

No a no erëm Südweststréimung

Bis den Donneschden inclus leien eis Temperaturen am Dag net wäit iwwert dem Gefréierpunkt a falen an de Nuechten op an ënnert dëse Punkt zréck. Haaptsächlech an eenzelnen Däller am Norde vum Land kann et bis op -4 Grad ofkille, glat Stroosse si weiderhi méiglech. Nodeems mir de Freide mat nach deels fraschtegen Temperaturen an den Dag eragestart sinn, soll et schonn am Nomëtten däitlech méi waarm ginn wéi an den Deeg virdrun. 3 bis 6 Grad stinn um Programm. Kuckt ee nach e bësse weider, da kéinte sech d’Maximaltemperaturen tëscht dem Samsden an dem Méinde bei tëscht 4 a 9 Grad apendlen.


Ëmstellung vun der Grousswiederlag | Animatioun: wxcharts.com

De Grond dofir ass d’Ëmstellung vun eiser Grousswiederlag. Mir geroden ëmmer méi ënnert den Afloss vun engem gréisseren Déifdrockkomplex – an zesumme mat méi héijem Loftdrock iwwert dem ëstleche Kontinent gerode mir ënnert eng westlech bis südwestlech Stréimung. Méi mëll a fiicht Atlantikloft gëtt ugezaapt, wat eis Temperaturen an ee net-wanterleche Beräich uklamme léisst. De Modellrechnunge no ass et als net onwarscheinlech anzestuufen, dass dësen Trend bis an déi zweet Dezemberhallschent unhale kéint. Dëst kéint also erëm näischt guddes a Punkto wäiss Chrëschtdeeg bedeiten. Mee mol kucken, nach ass näischt definitiv sécher.