Ausbléck: Nächst Deeg zäitweis naass, bësse Neischnéi méiglech

An de nächsten Deeg ass et weiderhi meeschtens wollekeg a mir stinn ënner Déifdrockafloss. Zäitweis ass mat Naassem ze rechnen.

Sonn weiderhi mat net all ze grousse Chancen

An de nächsten Deeg bleift et gréisstendeels gro, dobäi kann et och ëmmer erëm naass ginn. Eis Temperature verännere sech net wierklech a bleiwen op mannst mol bis de Freiden inclus dagsiwwer tëscht meeschtens -1 an 3 Grad hänken. Wa parellel dozou Nidderschléi optrieden, da kommen des meeschtens als Schnéischaueren oder och Schnéireen erof.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent vun elo un bis de Freiden inclus mat Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 1 a 7 l/m², dat meescht dovu soll un der äusserster Nordspëtzt vum Land erofkommen. Den europäeschen ECMWF gesäit dëst net ganz vill anescht an ass mat tëscht 2 a 7 l/m² dobäi. Och wat d’Verdeelung ugeet geréit d’Nordspëtzt an de Fokus.

Den däitsche Modell ICON ass mat 2 bis 6 l/m² mat minimal manner Reen ënnerwee, gesäit dat meescht awer ëmmer nach fir d’Nordspëtzt mee awer och fir d’Muselgéigend. Och dem franséischen ARPEGE no soll d’Muselgéigend och e bëssen eppes vum NIdderschlag ofkréie, berechent gi fir déi naasst Plazen ëm 6 l/m². Do wou et am dréchenste bleift soll et bei 3 l/m² bleiwen.

Wärend dem Donneschde resp. um Freidemoie soll de meeschte Nidderschlag falen. Iwwert déi ganz genannt Period gekuckt sollten eis duerchschnëttlech tëscht 2 a 6,5 l/m² erwaarden.