Ausbléck: Nëmme geréngfügeg Nidderschléi an de nächsten Deeg

Bis de Weekend inclus sti mir ënnert dem Afloss vun engem Héichdrockgebitt, wat mat séngem Kär iwwert dem Norde vun Däitschland läit.

Kill an dréche Loftmassen

De Moment leie mir haaptsächlech ënner Héichdrockafloss. Dëst Héich ass ënnert anerem fir déi aktuell kill Loftmasse verantwortlech. Mat dobäi kënnt, dass dës kill Loftmasse net all ze fiicht sinn – Resultat: et kënnt zu kenge bis nëmme gerénfügege Nidderschléi.


Bis de Freiden inclus kënnt et nëmmen zu geréngfügege Nidderschléi | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Freiden inclus mat esou gutt wéi guer näischt, den europäeschen ECMWF ass mat 0 bis 0,6 l/m² dobäi. De franséischen ARPEGE rechent mat 0 bis 0,4 l/m² an den däitschen ICON ass, genee wéi de GFS, mat genee näischt dobäi.

Dës Phas, an där mir et mat nëmme geréngfügege Nidderschléi ze dinn hunn, zitt sech bis de Weekend inclus. Vun der nächster Woch u gëtt et erëm méi wiesselhaft.