Ausbléck: Nennenswäert Reequantitéite bis de Mëttwoch inclus

Duerch déi südwestlech Stréimung gëtt et net nëmme méi waarm bei eis, mee och de Reen ka sech erëm méi oft bei eis weisen.

Zumools den däitschen ICON am optimisteschsten

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis un de Schluss vum genannten Zäitraum, also bis den Donneschden, 17. Dezember 2020 00:00 Auer, mat Quantitéite vun tëscht 7 an 13 l/m². Dat meescht dovu soll am Nordweste vum Land erofkommen. Den europäeschen ECMWF gesäit dëst net ganz vill anescht, also op mannst mol wat d’Reequantitéiten ugeet. Tëscht 5 a 9 l/m² gi berechent, vun der Verdeelung hier soll et awer am Westen/Südweste am naasste ginn.


D’Reequantitéite bis de Mëttwoch inclus, dem däitschen ICON no | Animatioun: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE ass mat tëscht 5 an 10 l/m² dobäi a rechent och éischter tendenziell a Richtung Westen/Südweste mam meeschte Reen. Den däitschen ICON ass dës Kéier den optimisteschste Modell an huet tëscht 8 a 17 l/m² um Plang stoen – de Fokus soll um Weste vum Land leien.