Ausbléck: Nennenswäerte Reen eréischt rem vun der Nuecht op de Sonnden un

Dat meescht vun de berechente Reequantitéite kënnt scho mol sécher de Sonnden erof.

De Freide si keng gréisser an éischter net wierklech nennenswäert Reequantitéiten ze erwaarden. Um Samsde bleift et dréchen an um Sonnde kommen déi déck Wolleken zréck, déi eis erëm Reen bréngen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat am ganzen tëscht 5 a 9 l/m², déi bis an de spéide Sonndenowend eranzu Lëtzebuerg erofkomme sollen. Den europäeschen ECMWF gesäit dat mat 4 bis 8 l/m² zimmlech änlech. De meeschte Reen soll laanscht de Weste wéi awer och laanscht den öusserste Norde vum Land falen.

Dës Kéier ginn déi berechent Quantitéite net wierklech wäit auserneen: de franséischen ARPEGE an och den däitschen ICON si sech iwwer 3 bis 7 l/m² eenz. Vun der Verdeelung hier gesäit et den ARPEGE sou änlech wéi déi aner Modeller, den däitschen ICON gesäit de meeschte Reen op de Südweste vum Land duerkommen.

D’Prognose fir déi nächst Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.