
Nach bis en Donneschden inclus hu mir et gréisstendeels mat Héichdrockafloss a just e puer eenzelne Stéierungen ze dinn. Fir e Freiden an e Sonnde gesäit et aus momentaner Siicht méi naass aus.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Nach bis e Freiden erstreckt sech héije Loftdrock vu Südwesteuropa a Richtung West- a Mëtteleuropa a suergt primär fir rouegt an och meeschtens dréchent Wieder. Zur selwechter Zäit ass et och net wierklech kal, well duerch dëst Stréimungsmuster déi mëll Loftmassen d’Iwwerhand hunn. Vun e Freiden u gerode mir dann erëm méi ënner Déifdrockafloss, deen sech e Freide selwer duerch eng Kalfront bemierkbar mécht.

Fir e Sonnden deiten eng Rëtsch Modeller en Déifdrockgebitt un, wat vun der Nordséi hier an de Norde vun Däitschland eranzitt an doduerch däitlech méi kill a méi fiicht Loftmassen an eis Géigende géif lenken. Et géif esouguer erëm eng minimal Méiglechkeet vun enger lokaler Flack bestoen.
De Verlaf
Haut um Dënschden hu mir et mat Donscht ze dinn, zesumme mat héije Wolleken – also am allgemengen en dréift Muster, duerch dat d’Sonn mol méi a mol manner gutt duerchkënnt. Haut ginn Temperature vun tëscht 10 a 15 Grad erreecht, muer um Mëttwoch ännert sech mat 9 bis 13 Grad net besonnesch vill. D’Wieder selwer gëtt awer besser: An der éischter Hallschent ass et nach méi dréif, mee duerno gëtt et no a no méi sonneg. Den Dag kann also nach richteg frëndlech op en Enn goen. Fir en Donneschde gesinn d’Modeller, nodeems sech de Niwwel an de fréie Moiesstonnen opgeléist huet, dass et schéi sonneg gëtt. Mat 13 bis 16 Grad gëtt et och nach gutt mëll, iwwerdeems de Wand just liicht spierbar ënnerwee ass.
E Freide passéiert eis tëscht dem Nomëtten an dem Laf vum Owend eng Kalfront, déi eis fir e Moment méi flächege Reen bréngt – vill wäert awer wuel net erofkommen. E Samschde wiessele sech Sonn a Wolleken of, punktuell ass mol eng eenzel Schauer net onméiglech. Fir e Sonnde rechnen dann eng ganz Partie Modeller mat dem virdrun ugeschwaten Déifdrockgebitt, wat eis heiheem ëmmer erëm Schauere géif bréngen a virun allem och kill Loftmassen. Op de Koppe wieren eenzel Flacke net onméiglech – woubäi dat awer een Détail ass, deen een elo nach net ze eescht soll huelen. Kéim dës Berechnung wierklech esou, da géif et och lëfteg bis stiermesch ginn. D’Temperature ginn un dësen Deeg zréck, am Dag esouwéi och an der Nuecht. Lokal ass liichte Frascht méiglech.