Ausbléck: Nidderschléi héchstens a Form vu Niwwel a Fisemreen

A Punkto Nidderschléi gi mir, ofgesi vum Niwwel a Fisemreen, méi oder manner eidel aus.

Dës Woch dominéiert den héije Loftdrock erëm bei eis. Dat heescht, dass weiderhi keng gréisser Reequantitéiten ze erwaarde sinn.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 0 an 1 l/m². Dat meescht dovu soll am äusserste Norden a Nordwesten ze erwaarde sinn. Dem europäeschen ECMWF no fale bis de Mëttwoch inclus tëscht 0,6 an 1 l/m², dat meescht laanscht de ganze Westen an och am Norde vum Land.

Den ARPEGE ass mat Berechnunge vun tëscht 0 bis 1 l/m² dobäi a rechent iwwert der Südhallschent mam meeschte Reen. Den däitschen ICON mécht erëm eng kleng Differenz a simuléiert genee 0 l/m².

Réischt um Donneschde soll eis déi nächst “Stéierung” ustoen, duerch déi et erëm, ofgesi vu Fisemreen a Niwwel, kéint naass ginn. Wéi et weidergeet, fannt Dir ënnert dësem Link.