Ausbléck: Nidderschléi hunn alles anescht wéi d’Iwwerhand

An de nächsten Deeg ass weiderhi net mat gréissere Reequantitéiten ze rechnen.

Net all ze vill Nidderschlag

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat tëscht 0,2 bis 1 l/m² dobäi, dat meescht dovun ass tendenziell a Richtung Nordweste vum Land ze erwaarden. Dne europäeschen ECMWF gesäit dat net vill anescht, tëscht 0,5 an 1 l/m² gi simuléiert. D’Verdeelung soll méi oder manner iwwerall d’selwecht ausfalen.

Dass sech d’Modeller driwwer eenz sinn, dass mir an de nächsten Deeg net all ze vill Nidderschléi kréien, weisen och den ARPEGE an den ICON:


D’Reequantitéite bis de Mëttwoch inclus dem ICON no | Animatioun: wxcharts.com

Dem ARPEGE no erwaarden eis bis un de Schluss vum genannten Zäitraum 0,8 bis 2 l/m². Anescht wéi de GFS soll et dësem Modell no am äussersten Oste vum Land am naasste ginn. Den däitschen ICON rechent mat tëscht 0,8 an 3 l/m² an huet fir de Südwesten de meeschte Nidderschlag dran.

Bis viraussiichtlech de Freiden inclus solle Nidderschléi net grad déi bescht Chancen zu Lëtzebuerg hunn. De Verlaf fannt Dir ënnert dësem Link.