Ausbléck: Nidderschléi spille keng gréisser Roll a nächster Zäit

Mir leien de Moment gréisstendeels ënner Héichdrockafloss. Nidderschléi sinn just duerch déi eng oder aner Stéierunge méiglech.

Héije Loftdrock huet eis am Grëff

De Moment leie mir ënner stabilem Héichdrockafloss, dat mam Kär iwwert dem südlechen Däitschland resp. den Alpen. Duerch déi staark südwestlech bis südlech Stréimung an der Héicht gëtt esouguer Stëbs aus der Sahara an eis Géigende geblosen, wat de Grond fir den liicht dréiwen Himmel ass. Déi nächst Geleeënheet op e bësse Reen gëtt et de Modellrechnunge no an der Nuecht op de Freiden/um fréie Freidemoien. Soubal dës Stéierung duerch ass, setzt sech vun der Nordséi hier e weidert Héichdrockgebitt duerch. Et geet duerno also erëm roueg an iwwerduerchschnëttlech mëll zu Lëtzebuerg virun. D’Nidderschléi spille keng grouss Roll.


De Loftmasseverlaf bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

D’Temperature beweege sech bis muer de Mëttwoch tëscht 15 a 19 Grad pendle sech vum Donneschden un awer erëm tëscht 10 a 16 Grad an. E klenge Réckgang, mee ëmmer nach ze waarm. Eréischt ufanks Mäerz kéint sech esou lues eng Ännerung vun der Grousswiederlag ukënnegen.