Ausbléck: No Kalfront um Donneschden ass Frascht ze erwaarden

Den Donneschde passéiert eis eng Kalfront, hannert där polar Loftmassen eragestréimt kommen. Um spéideren Owend ass et net ganz onméiglech, dass de Wolleken op den héchste Koppe mol eng Fläckelchen wärend de leschte Reeschaueren erausrutscht.

Geschwënn ass erëm Scheiwekrazen ugesoot

D’Temperature wäerte sech geschwënn, op mannst an de Nuets- a fréie Moiesstonnen, der Joreszäit upassen. Ausléiser dofir ass eng Kalfront, déi eis um fréien Donneschdemoie passéiere wäert. Iwwerdeems d’Front iwwert eis ewechzitt ass groussflächeg mat Nidderschléi ze rechnen. Dës sollten awer net all ze intensiv ausfalen, oft ass just Fisemreen bis liichte Reen ze erwaarden. De Wand ass dobäi erëm bësse spierbar a ka beim Passage Wandspëtzte vun ëm 50 km/h areechen. Am Laf vum Dag, hannert der Front, sollen aus West-Nordwest weider Nidderschléi an d’Land eragezu kommen. Dës kënnen och erëm groussflächeg optrieden a kéinten och e bësse méi markant ausfale wéi an de Moiesstonnen.


Den Abroch vun de polare Loftmassen | Animatioun: wxcharts.com

Et ass nach net kloer, wéi laang dës Nidderschléi unhale kënnen. Déi eng Modeller berechnen, dass se sech um fréien Owend aus dem Land erausbeweege wäerten. Anerer simuléieren, dass de Reen nach bis an de spéideren Owend era bei eis bleift an dann lues a lues méi schwaach gëtt. Parallel dozou falen d’Temperature no a no an de Beräich vum Gefréierpunkt – duerch dat gläichzäitegt Afléisse vu polare Loftmassen an der Héicht ass et net onméiglech, dass de Wolleken haaptsächlech op den héchste Koppe vum Land mol déi eng oder aner Flack tëscht dem Reen rausrutscht. An der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Freide soll et schonn méi warscheinlech méi dréche ginn. Duerch Nätzt déi fréiert ass mat lokal glate Stroossen ze rechnen, d’Temperature falen op 3 bis 0 Grad. An eenzelnen Däller kéinten d’Wäerter och bis op -1 Grad falen.