Ausbléck op d’Woch: Weidere Reen, plaatzeweis Aquaplaning-Gefor

D’Westwiederlag huet Lëtzebuerg voll am Grëff! Et ass also mat weideren, deels kräftëge Nidderschléi ze rechnen, wouduerch et op eise Stroossen och mol zu Aquaplaning komme kann.

No Méint rem gréisser Reequantitéiten

Dës Woch fänkt un wéi déi lescht opgehaalen huet – gréisstendeels gro a naass! Et kann zwar och e puer eenzel Ausnahme ginn, zumools um Dënschden, mee de Reen behält d’Iwwerhand.

Wann een méi am Détail op déi eenzel Deeg bis de Mëttwoch kuckt, da kréie mir et haut um Méinde rem mat ville Wollécken ze dinn. Ab de fréie Moiesstonne, wou d’Temperaturen tësche 9 an 13 Grad leien, ass mat Nidderschléi ze rechnen. Laut dem amerikanësche Wiedermodell GFS besteht och eng kleng Wahrscheinlechkeet vun der enger oder anerer Blëtzentluedung. D’Temperature beweege sech vir de Recht vum Dag net vill: se bleiwe bei 9 bis 13 Grad. Meechtens faalen d’Schauere schwaach bis méissëg aus, just lokal ass mol eng méi staark dobäi.

Den Dënschde bleift et bei 5 bis 8 Grad mëll, bei ville Wollécke kënnt d’Sonn och mol duerch. Schaueren triede just ganz vereenzelt mol op, sou déi aktuell Berechnungen. Ab dem Mëttwoch gëtt et rem däitlech méi gro an et kann zäitweis zolitt reenen. Mat 7 bis 11 Grad bleift et weiderhin ze waarem vir d’Joereszäit. Alleng bis de Mëttwochowend/Nuecht op den Donnëschde si Reenakkumulatioune vu bis zu 35 l/m² ze erwaarden, wann eenzel méi kräftëg Schaueren oder och Donnerwiederen optriede kann dëse Wert iwwertraff ginn.

Weidere Reen-Ulaaf an der zweeter Wochenhalschend?

Nodeems et um Dënschden an och den halwe Mëttwoch net all ze vill reene wärt, kéint et ab dem Donnëschde rem méi naass ginn. Gleeft een den aktuelle Modellrechnungen, da kéinte vum Donnëschde bis de Freide nachengkéier 50 l/m² eroofkommen. Dëst ass awer nach mat enger gréisserer Onsëcherheet verbonne, wouduerch een de leschte Saatz nach net all ze eecht huele sollt.

Zum Schluss da nach eng kleng Tendenz, ofzegesinn vum Ensemble (Stand 02.12.2018 23:05): Ab dem 10. Dezember dorëmmer soll et rem zu manner Nidderschléi kommen. Zur selwechter Zäit gëtt och mat engem Ofwärtstrend vun den Temperature gerechent. Sollt et sou komme wéi de Moment simuléiert, da géife mir eis a Richtung Mëtt Dezember op e wanterlëche Niveau duerbeweegen. Météo Boulaide wärt Iech dozou weider um Laafenden haalen!

GEFS-Ensemble (meteociel.fr)