Wéi gëschter schonn op Social Media kuerz ugeschwat, besteet elo an der neier Woch de Risk vun enger potenziell warnrelevanter Situatioun duerch Staarkreen/Dauerreen. Den aktuelle Modellstand kucke mir eis elo un.
D’Situatioun
Déifdrockgebitter iwwert der Nordséi dominéieren an de nächsten Deeg iwwert eist Wieder. Engersäit sinn doduerch Situatioune mat vill Wand, anerersäits awer och vill Reen méiglech. An dësem Artikel huele mir haaptsächlech de Reen ënnert d’Lupp, deen schonn muer am Laf vum Méinde kéint asetzen – eenzelne Modeller no och onwiederaarteg.
Ausléiser dofir ass eng Kalfront, déi sech vum Méindenowend un schläifend iwwer BeNeLux ewechbeweegt. Eréischt am Dënschdevirmëtte sollt d’Front esou lues erëm aus eise Géigenden verschwannen, wat heescht, dass et an där Zäitspan zu Dauerreen ka kommen, an dat mat potenziell warnrelevanten Zommen.
Et gëtt e bestëmmte Beräich, an dem de Risk vu warnrelevantem Dauerreen erhéicht ass – an och Lëtzebuerg läit an dësem dran. Just ass ebe net sécher, wou genee sech innerhalb vun dësem Risikogebitt de meeschte Reen wäert entlueden.
E puer Wäerter aus de Modeller
Net all Modell geet a Richtung Onwieder zu Lëtzebuerg, an awer ass d’Situatioun duerch verschidde Berechnungen am Aen ze halen. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent vum Méindenowend 18 Auer bis en Dënschdenowend 18 Auer mat Zomme vun tëscht 40 a 60 l/m² an der Südhallschent vum Land, besonnesch laanscht déi franséisch Grenz – dëst wier op alle Fall warnrelevant, sollt dat esou antreffen. Fir de Rescht vum Land ginn tëscht 20 a knapp eppes iwwer 30 l/m² berechent, wat op 24 Stonne-Basis nach net warnrelevant wier.
Den europäesche Modell ECMWF gesäit d’Situatioun op Lëtzebuerg bezunn e bësse méi entspaant a rechent mat grad emol tëscht 10 an 20 l/m². Tendenziell géifen den äusserste Südwesten, Südosten an och den Oste vum Land am meeschte Reen ofkréien. Entspaant gesäit och den däitschen ICON d’Situatioun, deen fir d’Nordspëtzt knapp iwwer 20 l/m² komme gesäit a fir de Rescht vum Land nach manner. En direkte Kontrast gëtt dann awer de momentane Super-HD Modell vum Kachelmann, deen fir d’Nordspëtzt vum Land 40 l/m² an Zäit vu 24 Stonne berechent – och am äusserste Südwesten wieren dës Wäerter méiglech oder kéinten esouguer iwwertraff ginn.
D’Situatioun gëtt am Aen gehalen an déi nächst Modeller ofgewaart. Météo Boulaide hält d’Situatioun fir Iech am Aen. Fir näischt méi ze verpassen, kënnt Dir och gär d’GRATIS App aus de Stores eroflueden.