Ausbléck: Reewarscheinlechkeet klëmmt vum Mëttwoch un

Dës Woch steet eis e Wiederchangement an d’Haus. Bis dohi bleift et awer nach meeschtens dréchen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat am ganzen tëscht 0 an 1 l/m², laanscht de Weste vum Land soll d’Warscheinlechkeet tendenziell am héchste sinn. Den europäeschen ECMWF ass mat 0 bis 2 l/m² dobäi an ënnerscheed sech quasi net um GFS. D’Reewarscheinlechkeet klëmmt souwisou eréischt vum Mëttwochnomëtten u, soudass et also haut a muer dréche bleiwe misst.

Och déi aner Modeller ARPEGE an ICON rechne mat kenge signifikante Reequantitéite bis de Mëttwoch. An den Deeg drop soll et, stand elo, méi oft reene kënnen. Dozou halen ech Iech awer nach um Lafenden.