Ausbléck: Rem bësse méi wanterlech duerch kill Loftmassen

Vum Mëttwoch un komme rem méi kill Loftmassen aus Norden an eis Géigende gezunn. Doduerch gëtt et mol rem e bësse méi wanterlëch zu Lëtzebuerg.

Haaptsächlech rem méi oft glaat Stroossen

Am Laaf vum Mëttwoch fannen déi méi kill Loftmasse no a no hiere Wee op Lëtzebuerg. Dëst wärt dozou féieren, dass et haaptsächlech an de Nuechte rem méi oft a méi verbreet zu Buedemfrascht a glaate Stroosse komme kann. Dagsiwwer ginn ëmmer nach Plusgraden ereecht an zumindest de Moment gesäit et ëmmer nach net no vill Schnéi aus, waat awer net heecht, dass guer kee faale kann.

Um spéide Mëttwochowend an an der Nuecht op den Donnëschde faalen d’Temperature rem op -2 bis -4 Grad. Plaatzeweis si soumadden also glaat Stroosse méigleg. Et ass mat Niwwel ze rechnen, duerch deen et och fisme kann. Duerch d’Temperature kann dëst also mol zu liichtem Schnéigrisel féieren.

Den Donnëschde wiessle sech am Dag Sonn a Wollécken of, bei 1 bis 3 Grad ass et net méi grad sou mëll. Um Owend an an der Nuecht geet et op 1 bis -1 Grad zréck, dobäi klärt et meechtens op. Glaat Stroosse kënnen awer mol virkommen.

Schnéigrisel och um Freide méigleg

Virun allem am spéidere Verlaaf vum Freide, wou d’Temperaturen op ëmt de Gefréierpunkt zréckginn, kann aus dem Fisemreen mol Schnéigrisel ginn. Wéi méi wäit uewen am Artikel ugeschwaat, handelt et sech heibäi em geréng Quantitéiten. Op de “grousse Schnéi” musse mir nach waarden.

An den Deeg drop geet et laut de GEFS Ensemblerechnunge scho rem liicht biergop mat den Temperaturen. An de Nuechte kéint et dann also scho rem net méi grad sou oft zu glaate Stroosse kommen an och am Dag klammen d’Temperature méi däitlech an de Plus. Et ass dobäi iwwrëgens meechtens gro, just mat Chance léist sech mol de Niwwel op an d’Sonn kënnt eraus.

D’Wanterfans sollen d’Hoffnung awer nach net opginn: Dem Ensemble kann ee niewebäi och enthuelen, dass et a Richtung Mëtt Januar tatsächlech eng méi markant wanterlëch Entwécklung kéint ginn. Leider ass et nach vill ze fréi, vir dozou schon eppes soen ze kënnen.

GEFS-Ensemble (meteociel.fr)