Ausbléck: Risk vu Glëtz duerch Waarmfront um Sonndenowend spéit/Méindemoien

Vum Méinden u gëtt et fir eng kuerz Zäit däitlech méi waarm. Dësen Iwwergang soll enger Rëtsch Modeller no net komplett ouni Geforen iwwer d'Bühn goen. Dëst ass en éischte virsiichtegen Update.

Waarmfront dréckt sech iwwer kal Loft

Wéi mir et schonn am Bléck op de Weekend gesinn hunn, bleift et de Gros vum Weekend zimmlech frëndlech. Eréischt vum Sonnden u gëtt et lues a lues méi wollekeg an och eis Temperature klammen. De Grond dofir ass eng Waarmfront, déi sech vum Sonndenowend un iwwert déi äiskal Loft bei eis um Buedem dréckt. Dobäi spillt et och eng Roll, dass kal Loft méi schwéier ass wéi waarm Loft. Wéi e Käil dréckt sech déi waarm Loft driwwer. Iwwerdeems dat geschitt, rechnen d’Modeller och mat Nidderschléi. Dës Nidderschléi falen duerch déi dann net méi gefruere Loft (Plustemperaturen an der Héicht) net méi als Schnéi, mee als Reen. Trëfft dëse Reen op de bei eis hei ënnen ëmmer nach gefruerene Buedem, mécht sech séier d’Gefor vu spigelglate Stroosse breet.


Wat geschitt, wa sech eng Waarmfront iwwer kal Loftmassen dréckt | Grafik: National Weather Service/weather.gov

Eng Rëtsch Modeller rechne mat enger erhéichter Gefor vun dëser Glëtz-Situatioun. Laang unhalend sollt dat awer éischter net sinn, well mat Hëllef vum dann och méi mëlle Wand déi waarm Temperature séier och um Buedem ukommen. Wat een haut also wees ass, dass et tëscht dem Sonndenowend an dem fréie Méindemoien e kuerzen Zäit-Slot gëtt, an deem et zu dësem punktuell geféierleche Glëtz komme kann. Leeft alles gutt, dann huet sech d’Situatioun schonn entspaant ier den Haapt-Beruffsverkéier iwwerhaapt ufänkt. Elo heescht et awer mol nach ofwaarden.