Ausbléck: Sou gëtt et d’nächst Woch

Iwwerdeems ënnert anerem den europäëschen ECMWF souwéi och den amerikanësche GFS-Modell vir Enn dëser Woch däitlech méi kill, wa nët souguer fréihierschtlëch Léisunge parat hunn, gëtt et elo awer nach engkéier richtëg schéi summerlëch.

De Summer bleift mol nach

No villen Onsëcherheete steet den Trend mëttlerweil awer mat enger grousser Wahrscheinlechkeet fest: Bis den Donnëschden ass nach mat summerlëchen Temperaturen a vill Sonn ze rechnen.

Mir leien ëmmer nach ënnert dem Afloss vu waarme Loftmasse, soudass eis Temperature nom Weekend rem no a no klamme wärten. Um Méinden an um Dënschde wiessle sech Sonn a Wollécken of, de Nidderschlagsrisk ass minimal, héchstens um Méinde kann et plaatzeweis zu der enger oder anerer Schauer kommen. D’Temperature packen et den éichten Dag vun der Woch op 21 bis 26 Grad, laanscht Musel kënne 27 Grad ereecht ginn. Um Dënschde gëtt ët mat 23 bis 28 Grad nach eng Grimmel méi waarem.

Um Mëttwoch bleift et beim Mix aus Sonn a Wollécken, allerdéngs ass do de Risk vu lokal begrenzte Schauere laut dem amerikanësche Wiedermodell GFS liicht erhéicht. Et wärt awer mat Sëcherheet op den allermannste Plaatze naass ginn. D’Temperature bleiwe stabil a leien tësche 25 a 29 Grad.

Ab dem Donnëschde gëtt d’Saach scho méi wacklëg: Daagsiwwer ass d’Sonn nach ze gesinn, mee e Wiederëmschwong mëcht sech lues awer sëcher scho bemierkbar. Cumuluswollécken zéien iwwert den Himmel a kéinten déi eng oder aner Schauer oder och mol en Donnerwieder ausléisen. D’Temperaturen ereeche nachengkéier Maximalwerter vun ëm déi 29 Grad. Spéistens vum Freidemëtten un gëtt ët duerch e Frontesystem ëmmer méi bedeckt, wouduerch et dann och méi groussflächëg zu Reen komme wärt. D’Temperature packen et héchstens nach op 24 Grad.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)

Wéi sëcher ass dës Prognos?

Um aktuellen GEFS- Ensemble ass den Trend gutt ze erkennen. Bis den Donnëschde sinn d’Linne, waat d’Temperatur ugeet, no beienee, waat vir eng grouss Averständnis tëschent den eenzelne Membere schwätzt. All Member berechent en anere Verlaaf, daat ausgoend vun engem aneren potenziellen Ufanksszenario. Per Ensemblerechnungen léisst sech also aschätze, mat wéienger grousser Wahrscheinlechkeet eng bestëmmt Wiederlag antriede kann. Vum 24. August un z.B hëllt d’Sëcherheet rem of, well d’Member-Linne rem méi wäit ausernee ginn.

Waat een um Ensemble nach gesäit: Ët wärt kaum eppes bis guer näischt vun uewen eroofkommen. Daat mol net bis de 24. August, mee am Allgemengen. Bis an de September era wärt déi aktuell Drëchent nët kënnen ausgeglach ginn, och wann d’Temperaturen an Tëschenzäit faale wärten (héich Temperaturen ≠ Drëchent).

Tipp: Bei Klick op d’Grafik kënnt Dir Iech den Ensemble vergréissert ukucken