Ausbléck: Temperature klammen a Richtung Enn der Woch den 20 Grad entgéint

Et ass méiglecherweis d’Noricht, op déi Dir all gewaart hutt: an de nächsten Deeg gëtt et ëmmer manner oft naass an eis Temperature beweege sech och no uewen.

Grousswiederlag

De Moment leie mir nach haaptsächlech ënnert dem Afloss vun Déifdrockgebitter, déi ëmmer erëm vum Atlantik hier an eis Géigenden eriwwergezu kommen. Doduerch kënnt et fir de Moment ëmmer nach ëmmer erëm zu naasse Momenter an d’Sonn ka sech nëmmen dotëscht heiansdo weise kommen. Geschwënn soll et awer, no laanger Zäit, erëm méi frëndlech ginn.

De Grond dofir ass héije Loftdrock, deen sech iwwert dem ëstlechen Atlantik positionéiere wäert. Esou ass d’Zoufuer vun Déifdrockgebitter, déi vum Atlantik hier kommen, méi oder manner ofgeblockt. D’Resultat: méi bestännegt, dréchent, sonnegt an och méi waarmt Wieder zu Lëtzebuerg.


Lues awer sécher fënnt eng Ëmstellung vun der Grousswiederlag statt | Animatioun: wxcharts.com

De weidere Verlaf

Haut um Dënschde gëtt et fir den Ufank mol nach ëmmer erëm naass, dat bei 10 bis 15 Grad. Mat Chance kënnt et dotëscht zu engem kuerze sonnege Moment, de Wand ass mat Zäiten och mol méi kräfteg ënnerwee – an de Spëtzte si bis hin zu 60 km/h méiglech. Um Mëttwoch bleift et mol nach variabel bei engem Mix aus décke Wolleken a sonnege Momenter, dotëscht kënnt et zu eenzelne Schaueren. 11 bis 14 Grad stinn un.

Um Donnesche fänkt et dann un, ëmmer manner variabel ze ginn. Et zéie nach eng Partie Wolleken duerch, d’Sonn kënnt sech och weisen. Naass gëtt et awer just nach lokal, a wann, da kënnt och net vill Reen erof. D’Temperature packen et op 14 bis 18 Grad, dat bei engem däitlech manner spierbarem Wand. Um Freide solle sech d’Sonn a Wolleken ofwiesslen, ouni dass iergendeng Schaueren dotëschtfunken, dat bei 16 bis 21 Grad. Um Samsde wier keng gréisser Ännerung ze erwaarden, eis Temperature klamme mat 17 bis 22 Grad esouguer ee Stéck méi wäit. Um Sonnde klëmmt aus aktueller Siicht gesinn erëm eng kleng Warscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer, iwwerdeems d’Temperaturen awer op e Maximum vu bis zu 23 Grad klamme géifen.