Ausbléck: Turbulente Start fir 2025? Wéi et, Stand elo, wierklech ass

D’Wiedermodeller deite fir den Ufank vum neie Joer jo schonn méi laang e Changement un. Wéi kéint dësen eis beaflossen – a wier et iwwerhaapt nohalteg?

Advertisement

Eenzelheete nach laang net kloer

Wéi et eben ëmmer bei dëse mëttelfristege Prognosen ass, zeechent sech e warscheinlecht generellt Muster of – mee wat déi entscheedend Eenzelheete betrëfft, ginn et nach grouss Onsécherheeten. Dofir gi mir an dësem Artikel nach net all ze wäit an den Détail.

D’Modeller rechne momentan domat, dass den Héichdrockafloss, mat dem mir et aktuell ze dinn hunn, vum éischte Januar un aus eise Géigende soll verdrängt ginn. Den éischten an den zweete Januar sinn, Stand aktuell, fir e markante Kalfrontduerchgang reservéiert, deen vun engem Stuermdéif ausgeet. Wou exakt dëst Stuermdéif mat sengem Kär wäert duerchzéien, ass ongewëss – mee et ass e wichtegen Détail: Den europäesche Modell gesäit de Kär vum Ärmelkanal hier iwwert d’Nordséi bis an Dänemark wanderen, iwwerdeems den amerikanesche Modell d’Déif bal genee iwwer Lëtzebuerg zéie léisst.


E Stuermfeld, wat aktuell vum europäesche Modell fir den 2. Januar simuléiert gëtt | Grafik: wxcharts.com

Der europäescher Léisung no kriite mir et mat Stuermstéiss ze dinn, der amerikanescher Léisung no wier de Wand manner relevant mee et géif schneien. Mir mierken: Dat selwecht Déif, mee zwou komplett ënnerschiddlech Facetten, déi mat der exakter Positioun vum Kär zesummenhänken. Wéi eng Variant et gëtt, wees haut nach keen.

Déifdrockaktivitéit nohalteg, oder Retour vum Héichdrockafloss?

Dass sech den éischten an den zweete Januar eppes deet, schéngt aktuell zimmlech sécher ze sinn – eben ass einfach just déi genee Ausféierung net kloer. An den Deeg drop gëtt d’Situatioun awer nach méi kniffleg: Den europäesche Modell rechent domat, dass et erëm op eng méi oder manner stabil Héichdrockwiederlag erauslafe kéint, duerch déi d’Wieder net vill anescht géif ginn, wéi mir et aktuell erliewen. Den amerikanesche Modell gesäit de selwechten Héichdrockafloss just bis de 6. oder 7. Januar, ier et dann mat enger variabeler Westwiederlag/Déifdrockgebitter géif virugoen.

Fazit

Dat eenzegt, wat aktuell gewosst ass, ass eben de variabele Charakter un den éischten Deeg vum Joer 2025. Wéi genee dat iwwert d’Bün goe wäert an och, wat duerno geschitt, kann een aus momentaner Siicht gesinn nach guer net soen. Mir bleiwen awer um Ball, et kommen Updates.