Ausbléck: Um Freiden a Samsde gëtt rem un den 20 Grad gekraazt

Mir erliewen de Moment e richtegen “Up and Down” beim Wieder. D’Temperature wärten an de nächsten Deeg rem en däitlecht Stéck klammen – um Horizont ass awer scho rem e Knéck no ënnen ze erkennen!

Donneschden & Freide ginn déi wärmst Deeg

Vun haut un, dem Mëttwoch (27.03.2019), geet et mam Wieder rem biergop. Et gëtt manner gro, d’Sonn kritt méi oft Chancen an et gëtt virun allem méi waarem.

Um Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wollécke gréisstendeels of, dobäi sollt et dann och drëche bleiwen. D’Temperature leien um Moie nach platzeweis an engem méi fraschtege Beräich, ier se dann am Laf vum Nomëtten op Maximalwerter vun 8 bis 13 Grad klammen. Um Donnëschde gëtt et rem viraussiichtlech e Stéck méi gro, op d’Temperature wärt dat awer kee gréisseren Afloss hunn. Mat 9 bis 13 Grad si rem ähnlech Werter wéi um Mëttwoch ze erwaarden.

Flott gëtt et dann um Freiden: Kaum bis nëmmen e puer wéineg Wollécke sinn an de Simulatiounen ze gesinn. Dëst bedeit, dass d’Sonn rem vir eng kuerz Zäit d’Iwwerhand kréie wärt. Während dëser Phase, also dem Freiden an um Samsde, kënnen d’Temperaturen op Maximalwerter vun 13 bis 18 Grad klammen. Zumols laanscht d’Musel oder an Ëmgéigende wéi Miersch, Péiteng oder Iechternach, ass och mol e Grad driwwer net onméiglech. De Sonnde kéint rem ee méi groe ginn, dat bei enger klenger Schauerwahrscheinlechkeet. Bei 7 bis 13 Grad faalen d’Temperature rem.

Wéi ganz uewen ugekënnegt, kéint et d’nächst Woch rem biergof goen. D’Onsëcherheete sinn awer nach immens grouss: entweder et geet weider mat liicht méi niddregen Temperaturen oder et kéint souguer nachengkéier kuerz wanterlech ginn, dat och mol mat Schnéifall! Météo Boulaide hält Iech um Laafenden!

Do. & Fr. vun uewen – wéineg Wollécken a mëll (wxcharts.com)