Ëmmer erëm deiten d’Modeller e gréisseren Donnerwiedersystem un, deen am Laf vum Samsdenomëtten/Owend vu Frankräich aus an de Südweste vun Däitschland soll eranzéien. Et stellt sech d’Fro, ob och Lëtzebuerg eppes dovu ka matkréien.
Advertisement
Et brodelt erëm iwwer Mëtteleuropa
Wéi schonn am Artikel vu gëschter betount, sinn d’Loftmassen de Moment amgaange méi schmeier ze ginn. Dohier kann et muer um Donneschde beispillsweis net komplett ausgeschloss ginn, dass et GANZ PUNKTUELL mol zu enger Schauer oder engem kuerzen Dimmer kënnt – dëst awer tendenziell méi op däitscher Säit. Dësen Artikel bezitt sech also NET explizit op Lëtzebuerg, mee méi op d’Groussregioun an och driwwer eraus.
A wa mir schonn dobäi sinn, dann kënne mir och déi Berechnunge confirméieren, déi fir muer um Donneschden deels kräfteg Donnerwieder berechnen, déi vum der nërdlecher Mëtt vun Däitschland bis an de Süden era wäerten optrieden. Och do trëfft et net jiddereen, mee punktuell geet et virun allem fir Iwwerschwemmungen a gréisser Knëppelsteng bis 3 oder 4 cm am Duerchmiesser duer.
Wat Lëtzebuerg ugeet passéiert eis an der Nuecht op e Freiden eng schwaach Kalfront, un där verschidde Modeller mat meeschtens schwaache Nidderschléi a fläit mol engem agelagerten Donnerwieder mat Staarkreen rechnen. Aktuellem Stand no géif dat och net flächeg geschéien an dohier erëm just fir déi mannst relevant ginn.
Um Freide selwer begrenzt sech d’Donnerwiederaktivitéit haaptsächlech op d’Südhallschent an den Oste bis Nordoste vun Däitschland – wäit fort vu Lëtzebuerg.
Gréisseren Donnerwiedersystem de Weekend?
Well d’Modeller zimmlech konsistent mat hire Berechnunge sinn, kann ee soen, dass wuel eppes an der Heck ass. Déi heivir relevant Géigende si besonnesch de Nordoste vu Frankräich esouwéi awer och de Südweste vun Däitschland – Baden Württemberg. D’Modeller berechne fir dëse Beräich eng immens grouss Instabilitéit vun der Atmosphär (potenziell zur Verfüügung stoend Energie) mat CAPE-Wäerter vun tëscht 2000 a Stand aktuell bal 6500 J/kg. Et ass net iwwerdriwwe wann een als Mënsch vum Fach och nach gär “explosiv Loftmass” dozou seet. Dës immens instabil Loftmass géif sech mat enger markanter buedemnoer Fiichtegkeet iwwerlappen, den Taupunkt gëtt am Raum Stroossbuerg op bis zu 25°C gerechent – dat géif sech schonn bal tropesch ufillen.
D’Modeller reagéiere natierlech mat deels markante Berechnungen zu engem méiglechen Donnerwiedersystem, deen sech iwwert der nordëstlecher Hallschent vu Frankräich géif forméiere fir dann an de Südweste vun Däitschland eranzezéien. An dësem Fall wieren an éischter Linn zolitte Reen a schwéier Stuermstéiss méiglech, deemno wéi och Knëppelsteng.
Zu Lëtzebuerg musse mir eis froen, ob mir och en Deel vum System ofkréien oder ob e knapp südlech un eis laanschtgeet. Dës Fro kënnt op, well et Modeller ginn, déi tatsächlech och bei eis méi markant Entwécklungen fir de Samsdenomëtten an Owend net wëllen ausschléissen. Méi kann een dozou de Moment nach net soen, mee et sollt een mol am Aen halen.