Ausbléck: Unzeechen fir Changement mat Schnéi & Keelt

Wann een e bëssen iwwert den Tellerrand kuckt da sinn Unzeechen fir en Ëmschwong ze erkennen. Feiert de Schnéi geschwënn säi Comeback?

Mëll Südweststréimung kéint geschwënn zesummebriechen

Dësen Artikel beweegt sech an engem meteorologesch spekulative Beräich, en ass also als eng Interpretatioun vun de momentane Modeller unzegesinn a net als Prognos.

De Moment leie mir ënnert enger ongewéinlech mëller Südweststréimung. Muer u Silvester ass doduerch net nëmmen e neien Temperaturrekord a Saache wäermsten Dezemberdag méiglech, mee och de Schnéi huet natierlech absolut keng Chance. Wéi et schéngt, schaffen d’Wiedermodeller awer schonn lues a lues un enger Ëmstellung vun de Loftmassen, wat och e Comeback vum Wanter & Schnéi bedeite kéint.


Déi momentan Positioun vum Jetstream | Grafik: wxcharts.com

Bis de 5. Januar soll d’Wieder mol nach esou änlech bleiwe wéi de Moment, mir bleiwen ënnert där südwestlecher bis westlecher Stréimung. Et gëtt zwar no a no e bësse méi kal, mee et ass ëmmer nach ze waarm fir e Comeback vum Wanter. Och Zenarien wéi lefteg bis stiermesch Zäitofschnëtter sinn dann ëmmer nach dran, well mir riicht ënnert dem Jetstream leie bleiwen. Eng spontan Stuermlag, méi markant wéi d’Wandfelder vun elo rezent, kéint ënner Ëmstänn also och mol nach optrieden. Mee zréck bei d’Thema.

Chance klammen vum 9. Januar un

Well et nach esou laang bis dohin ass, sprangen d’Modeller nach zimmlech hin an hier, wat jo och normal ass. Sicht een an de vergaangene Modell-Leef awer no enger Konsistenz sicht, dann fällt virun allem op, dass d’Frontalzon sech weider an de Süde verlagere soll. Domat ass gemengt, dass d’Grenz tëscht den Héich & Déifdrockgebitter méi wäit südlech verlafe soll an domat och d’Dier fir méi kill a wanterlech Loftmasse kann opgemaach ginn. Esou, wéi et de Moment ass, leien d’Héichdrockgebitter nämlech ze wäit am Norden an drécken den Déifdrockafloss, déi déi kill Loftmassen theoretesch bei eis erofschëppe kéinten, vun eis fort.


D’Verlagerung vun der Frontalzon (déck schwaarz Linn) a Richtung Süden | Animatioun: wxcharts.com

Esoubal dës Dier fir méi kill Loftmassen erëm op ass, bleift et zwar wuel nach zimmlech turbulent – op mannst mol iwwert eise Käpp. Deemno wéi kéint dat awer och weiderhin an där enger oder anerer stiermescher Wiederlag resultéieren. Den Ënnerscheed zu de Moment wier awer deen, dass et eben dann däitlech méi kal wier. Am Fall vun enger Kalfront géif d’Chance vu Schnéifäll däitlech klammen an och de Frascht kéint sech esou och an de Nuechten erëm besser duerchsetzen. Eng weiderhi westlech bis nordwestlech, mee däitlech méi kill Wiederlag also.


E méiglechen Zenario fir fiicht & wanterlech Loftmassen | Grafik: wxcharts.com

Dass d’Chancen op däitlech méi niddereg Temperature klamme, gesinn mir och am momentane GEFS Ensemble fir Ëlwen.


De GEFS-Ensemble fir Ëlwen | Grafik: meteociel.fr

GFS mat neier Optioun

Bis ewell hunn d’Modeller gréisstendeels mat engem Changement aus westleche bis nordwestleche Richtunge gerechent. De neiste Modell-Laf vum GFS haut de Moie weist a Richtung Mëtt Januar awer och d’Optioun, dass sech duerch en Héichdrockgebitt iwwer Skandinavien gréisser Keelt aus Russland op Lëtzebuerg beweege kéint. Sollt dat antrieden, wier et wuel zimmlech dréchen, dofir awer richteg kal mat Dauerfrascht a signifikante Minusgraden an de Nuets- & Moiesstonnen.


E méiglechen Zenario fir dréchen & wanterlech Loftmassen | Grafik: wxcharts.com

ECMWF-Laangzäitberechnung gesäit normal Temperaturen am Laf vum Januar

Eng Kaart, déi och fir e Réckgang op de wanterleche Niveau schwätzt, ass déi momentan Kaart zur Temperaturanomalie fir de Januar. Iwwerdeems déi éischt Woch 2 Grad ze waarm gerechent gëtt, sollen d’Wäerter duerno op de normale wanterleche Niveau zréckfalen. Dat kéint fir eis Wanterfans also e gutt Zeeche sinn.


D’Temperature solle vum 9. Januar un erëm normal ausfalen | Grafik: https://effis.jrc.ec.europa.eu/

Fazit

Et bleift elo mol bis an déi éischt Januar-Deeg eran meeschtens liicht ze mëll, doduerch och variabel duerch d’Westwiederlag mat Reen & zäitweis vill Wand. Duerno, vum 9. Januar un, klammen de Modellkaarte no d’Chancen op e Comeback vum Wanterwieder. Aus wéi enger Richtung resp. duerch wéi e Stréimungsmuster dësen zustane kënnt, ass nach manner kloer wéi déi ganz Saach u sech. Op alle Fall tendéieren d’Modeller awer ëmmer méi a Richtung wanterlech Temperaturen. Gëtt eis d’Keelt duerch eng westlech bis nordwestlech Stréimung bruecht, ass mat Schnéi ze rechnen. Gëtt se aus dem Osten, also aus Russland bruecht, méi mat Keelt a wéinege Nidderschléi.