Ausbléck: Vill Reen an der nächster Woch, Risk vun Héichwaasser geet an d’Luucht

Keng gutt Norichten fir een, dem et elo an den éischte 6 Deeg vum Joer ze naass war: De Modeller no geet et eréischt un. Am weidere Verlaf kann och d’Héichwaassergefor en Thema ginn.

Advertisement

Westwiederlag kritt weidere Schwong

Mir leien de Moment jo ënnert enger Westwiederlag. Dat heescht, dass mir aus Westen ëmmer erëm mol eng Kalfront zougespillt kréien. Fir déi nächst Deeg resp. nächst Woch gesinn d’Modeller awer eng Verstäerkung vun dëser Westwiederlag: Nidderschléi gi nach méi fréquent, wouduerch sech iwwert déi ganz nächst Woch verdeelt och emol gréisser Reequantitéiten usammle kënnen. Doduerch besteet dann duerchaus mol de Risk vun Héichwaasser.


De viraussiichtleche Verlaf fir d’nächst Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Aus dem Bléck op de Weekend vu gëschter wësse mir jo, dass et a Richtung Sonnde méi schlecht gëtt. Duerno ass et awer net gedoen, vum Méinden u soll et eréischt richteg ongemittlech ginn. Aus Weste kommen ëmmer erëm Wolleke mat Schaueren opgezunn, mat Chance kënnt et dotëscht och zu kuerze sonnege Momenter. En Dënschde soll eis en änlechen Oflaf ustoen, ier eis dann am Nomëtten eng Waarmfront mat Reen passéiere soll. D’Kalfront kënnt direkt hannendrun a wäert vum Owend un weidere Reen bréngen. En Donneschde soll et mat ville Wolleken an och ëmmer erëm Reen virugoen, genee esou och de Freiden. Fir de Weekend gesäit et weiderhi no kenger Ännerung aus, just zäitweis soll d’Sonn emol duerchkommen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit vum Muster hier dat selwecht op eis duerkommen, just e bësse manner intensiv ausgepräägt. Reenereg soll et awer sou oder sou ginn.

D’Reequantitéiten

Iwwerdeems den amerikanesche GFS am Laf vun haut de Moie nach mat tëscht 50 a 90 l/m² bis de 16. Januar gerechent huet (lokal esouguer 100 l/m²), ass e mat der neister Berechnung (12Z) nach mat bis 60 l/m² ënnerwee. Den europäesche Wiedermodell ECMWF gesäit bis de Méinden an enger Woch tëscht 60 a punktuell 85 l/m² Reen op eis duerkommen. Et ass gutt, dass dës Zommen iwwert eng Woch verdeelt erofkomme sollen. An trotzdem hätt dëst och direkt en Afloss op eis Flëss – d’Peegele géife bei Bestätegung vun dëse Berechnungen definitiv klammen, esouguer Héichwaasser wier dann méiglech. D’Modeller mussen also am Aen gehale ginn.


D’Reequantitéite vum ECMWF bis an enger Woch | Grafik: wxcharts.com