Ausbléck: Wäiss Chrëschtdeeg? Et gëtt nach Hoffnung!

Gespaant kucke mir Wiederfräschen op den Zäitraum ronderëmt Chrëschtdag. Nodeems et gréisstendeels dono ausgesinn huet, wéi wa keng Chance fir wäiss Chrëschtdeeg bestoe géif, huet sech dat elo bësse geännert.

Fir den Ufank mol nach ze mëll fir d’Joreszäit

De Moment hu mir et mat fir d’Joreszäit ze héijen Temperaturen ze dinn. Wann een a Richtung Chrëschtdag weider denkt, ass et schwéier, sech virzestellen, dass sech do eventuell nach eppes drun ännere kéint. Net schlecht gestaunt hunn ech och virun e puer Deeg, wou d’Modeller ugefong hunn, fir de genannten Zäitraum tatsächlech méi spannend Zenarien ze berechnen. Esou vill kann ee nämlech soen: och wann elo nach keng zu 100% verlässlech Aussoe méiglech sinn ass wanterlecht Wieder u Chrëschtdag ëmmer nach net vum Dësch!

Ier et awer esouwäit ass, leie mir de Modellrechnunge no nach bis ronderëmt den 23. Dezember ënnert enger méi mëller südwestlecher Stréimung. Bis dohi wäert wanterlecht Wieder also kee gréissert Thema sinn, meeschtens ass et einfach ze mëll fir Frascht oder änleches. E klenge Knéck no ënnen, also ee Moment, wou mir vu méi kille Loftmasse kënne gesträift ginn, ass méiglecherweis den 21. Dezember, ier dann e kräftegt Déif iwwert de britteschen Inselen séier erëm mëll Loftmassen op Mëtteleuropa katapultéiert.


D’Modeller hu nach Hoffnung wat wanterlech Chrëschtdeeg ugeet

Et besteet nach Hoffnung

Spannend gëtt et vum 23. Dezember un. Do hu mir et nämlech mat engem kräfteg ausgepräägten Azorenhéich ze dinn, parallel dozou läit déiwe Loftdrock iwwer Skandinavien. Dëst féiert dozou, dass tëscht dësen zwee Drockgebitter kill a polar Loftmassen aus dem héije Nordwesten a Richtung Mëtteleuropa gelenkt ginn. Un Hellegowend géifen déi kill Loftmasse lues a lues agesickert kommen, u Chrëschtdag géife mir de momentane Modellrechnunge vum GFS no genee drënner leien. Dëst sollt dann bis de 27. Dezember esou bleiwen, ier et erëm kuerz méi mëll gëtt. Alles wat dono kënnt gëtt awer schonn erëm ze spekulativ. Alleng duerch d’Déifdrockdominanz ass awer näischt falsch gemaach wann ee seet, dass d’Warscheinlechkeet vu Stuermdéifer klëmmt. Och den europäeschen ECMWF rechent domat, dass eis vun Hellegowend op Chrëschtdag polar Loftmassen areechen. Allerdings gëtt d’Déifdrockgebitt méi wäit südlech gerechent, wat dozou féiert, dass d’Loftmasse net grad esou kill géife ginn, wéi de GFS dat berechent.

Tëscht dem 23. an dem 29. Dezember rechnen déi zwee Modeller de Moment (Stand 15.12.2020 – 19:38 Auer) ëmmer erëm mat e puer Nidderschlagssignaler a Form vu Schnéi. Eng Ofschätzung dozou, ob dëse Schnéi genee u Chrëschtdag leie bleiwe wäert, kann een awer nach net maachen. Météo Boulaide hält Iech weiderhin um Lafenden.