Ausbléck: Wéi laang bleift dat gutt Wieder nach bei eis?

Héije Loftdrock huet sech wéi geplangt iwwer Lëtzebuerg an och eise Nopeschlänner breetgemaach. Wéi laang dauert et, bis et ëmschléit? Mir kucken eis de neiste Stand genee un.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Moment hu mir et mat enger grousser Héichdrockbréck ze dinn, déi sech vum Atlantik aus iwwer Europa bis ganz an den Osten a Richtung Russland erstreckt. Duerch dëse grousse Beräich mat héijem Loftdrock kënnt et an de betraffene Gebitter éischter net zu nennenswäerte Nidderschléi. Meeschtens weist sech d’Sonn – plazeweis eréischt soubal de Niwwel aus de Moiesstonne verschwonnen ass.


De Gros vun der Keelt hält sech de Moment iwwert dem Osten op | Grafik: wxcharts.com

De westlechen Deel vum héije Loftdrock läit ënner méi mëlle Loftmassen, iwwerdeems den ëstleche Beräich méi ënnert dem Afloss vun killen a polare Loftmasse läit. Dat ass beispillsweis och een vun de Grënn, firwat d’Biergungsaarbéchten duerch déi katastrophal Äerdbiewen an der Tierkei & Syrien de Moment esou schwéier falen.

D’Fro ass elo, wéi laang dëse Konstrukt nach aktiv bleift – En entscheed nämlech och driwwer, ob mir dëse Wanter iwwerhaapt nach Schnéi ze gesi kréien.

Den Ausbléck

An de leschten Deeg war et richteg frëndlech mat vill Sonn, de Niwwel huet éischter manner gestéiert. Dem europäesche Wiedermodell ECMWF no soll dësen héije Loftdrock nach op mannst bis de 17. Februar bei eis bleiwen, just mat enger Ännerung: Et kommen héichbaseg Wolleken resp. Héichniwwelfelder an d’Spill, déi heiansdo d’Sonn awer kënne blockéieren. Ufänke soll dat Ganzt schonn vu muer un, wou d’Sonn iwwert de ganzen Dag net méi ka garantéiert ginn. Just wa sech dësen Héichniwwel opléist, gëtt et erëm esou frëndlech wéi haut um Mëttwoch oder an den Deeg virdrun. Nidderschlagsméisseg rechent de Modell bis de 17. Februar grad emol mat 0 bis 0,5 l/m², wat op de geréngfügege Nidderschlag duerch de méigleche Niwwel zréckzeféieren ass. Et ass also bis dohi kee nennenswäerte Nidderschlag ze erwaarden.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis Mëtt Februar, ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de 15. Februar mat genee 0 l/m² Reen/Schnéi. D’Héichdrockwieder soll stabil unhalen, woubäi d’Berechnungen awer d’Gemeinsamkeet hunn, dass ebe vu muer un d’Warscheinlechkeet vun héije Wollekefelder/Héichniwwel dobäikënnt. E gréisseren Ënnerscheed kënnt awer vum 16. Februar an d’Spill, wou de GFS d’Méiglechkeet op eng Westwiederlag gesäit, bei där erëm ëmmer erëm Frontesystemer vun Déifdrockgebitter op Lëtzebuerg gezu kommen. Et géif also tendenziell vum 16. Februar un bis Enn Februar méi variabel ginn, dat haaptsächlech a Form vu Reen. Nëmmen duerch kuerzfristeg Ännerunge wier do och e bësse Schnéi dobäi.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis Enn Februar, GFS | Animatioun: wxcharts.com

De Fazit

D’Héichdrockwieder bleift also ganz warscheinlech nach bis Mëtt Februar bei eis – et muss een awer heiansdo och e puer Héichniwwelfelder mat aberechnen, déi d’Vue zur Sonn aschränke kënnen. Fir de Rescht gëtt et vum 16. Februar un ëmmer méi d’Warscheinlechkeet fir Nidderschléi duerch eng potenziell westlech Stréimung. Ob dës kënnt, kënne mir awer eréischt e puer Deeg virdru confirméieren.