Ausbléck: Wéi naass gëtt et de Weekend iwwer?

Wéi Dir wësst, huele mir dat variabelt Wieder och erëm mat an de Weekend eran. Et wäert wuel warscheinlech manner reene wéi an de vergaangenen Deeg, verschwanne wäert de Reen awer net.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer sti mir ënnert dem Afloss vun engem Stuermdéif, wat mat sengem Kär vun de britteschen Inselen hier eriwwer iwwer d’Nordséi a Richtung Dänemark zéie wäert. Doduerch gëtt et net nëmmen ëmmer erëm naass bei eis, mee virun allem de Wand wäert opliewen.

D’Reequantitéiten

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent an enger Zäitspaan vum fréie Freide bis de Sonnden inclus mat Reequantitéite vun tëscht 5 a 9 l/m², dat mam “Schwéierpunkt” am Westen an och am Nordoste vum Land. Den europäeschen ECMWF ass dës Kéier mat 4 bis 8 l/m² dobäi, a gesäit de meeschte Reen fir de Nordweste vum Land kommen. De franséischen ARPEGE ass änlecher Meenung an huet de meeschte Reen am Allgemenge fir d’Nordhallschent dran, dat bei 5 bis 13 l/m². Den däitschen ICON rechent mat 1 bis 10 l/m² an ass och där Meenung, dass et am Nordwesten am naasste gëtt.

Duerchschnëttlech gesinn, op mannst wann ee nëmmen déi véier ausgesicht Modeller hëlt, da kënnt ee bei tëscht 3,75 an 10 l/m², déi et de Weekend iwwer reene soll.