Ausbléck: Wéi sech de Rescht vun der Woch entwéckelt

Trotz dem ugekënnegte Wanter-Mix koumen d’Flacke fir vill Leit awer iwwerraschend – wéi geet et de Rescht vun der Woch virun?

Grousswiederlag

Den aktuelle Comeback vum Wanter gëtt duerch en Héichdrockgebitt westlech vun de britteschen Inselen an en Déifdrockgebitt knapp ëstlech vu Skandinavien erméiglecht. Dotëscht gi polar Loftmassen aus dem héije Norden duerchgequetscht an a Richtung Europa resp. Lëtzebuerg gelenkt. Dës Loftmasse si net nëmme kill, mee bréngen duerch hire Wee iwwer d’Nordséi och eng ganz Packung Fiichtegkeet mat séch, wouduerch de Setup fir wanterlecht Wieder mat Schnéischauere geséchert ass.


D’Konditioune fir e kuerzzäitege Comeback vum Wanter stëmme weiderhin | Grafik: wxcharts.com

De weidere Verlaf

Nach dës Woch wäert et zu enger Ännerung vun dësem Setup kommen. Ier et awer esouwäit ass, bleift et bis den Donneschden inclus nach en Tick méi wanterlech zu Lëtzebuerg. Op de Koppen op iwwer 450 Meter ass méi oft Schnéi dobäi, fir de ganze Rescht vum Land bleift op mannst d’Gefor vu glate Stroosse bis dohin relevant. Um Freide gerode mir erëm ënnert den Afloss vu méi mëlle Loftmassen, ier et de Weekend iwwer erëm minimal méi kill sollt ginn.

Den aktuelle Kaarte no hu mir et haut um Dënschde mat ville Wolleken ze dinn, dobäi kënnt et ëmmer erëm zu Nidderschléi a Form vu Schnéireen a Schnéi. D’Temperature leien tëscht 1 a 6 Grad, besonnesch laanscht den Osten a Südoste vum Land si Flacken am onwarscheinlechsten. Et bléist e stramme Wand aus Nordwesten, deen et an de Spëtzten op 55 km/h packt. Um Mëttwoch bleiwen déi vill Wolleke bei eis, do kënnt et awer nëmme nach zäitweis a lokal begrenzt zu Schaueren. Bei Temperature vun tëscht 1 a 7 Grad hänkt et erëm staark dovun oof wou Dir wunnt, fir ze wëssen, ob de Schnéi oder awer Schnéireen a Reen méi warscheinlech sinn. An de Spëtzten ass de Wand mat bis zu 60 km/h dobäi, et bleift also an engem gewëssene Mooss ongemittlech. Um Donneschde geet et mat ville Wolleke virun, bei 5 bis 10 Grad bleift et awer dréchen. An alle Nuechte falen d’Temperaturen op jeeweils tëscht -4 a 0 Grad, glat Stroosse sinn also am ganze Land ze erwaarden.

Déi weider Aussiichten

Vum Freiden u fënnt ee Gemësch aus heiansdo méi killen an heiansdo méi mëlle Loftmasse statt. Iwwerdeems ginn ofwiesslend aus Südwesten an och aus Nordweste Nidderschléi zur Verfügung gestallt, déi an dementspriechend variable Formen optriede kënnen. Et sollt sech awer tendenziell do erëm méi oft ëm Reen handlen. D’Temperature packen et um Freiden op 11 bis 16 Grad, haaptsächlech an de Fréi- an Owesstonne wiere Nidderschléi, déi net onbedingt als Reen erofkommen, méi warscheinlech. D’Wäerter leie näméech nach ëmmer ëm -1 bis 1 Grad. Um Samsden ass den Himmel viraussiichtlech gréisstendeels gro an et reent ëmmer erëm, 7 bis 11 Grad ginn areecht. Um Sonnde gëtt et erëm méi roueg, dat bei engem Mix aus Sonn a Wolleken. 5 bis 10 Grad stinn um Programm, de Wand ass heiansdo méi spierbar aus Nordosten ënnerwee.