Eng lescht Kéier dëst Joer kucke mir op de Nidderschlag fir déi nächst Deeg. Bis Neijoer ka nach e bëssen eppes zesummekommen.
Grousswiederlag ännert net all ze vill
Mir leien ëmmer nach haaptsächlech ënner Déifdrockafloss zu Lëtzebuerg – mat dobäi kommen och déi ëmmer nach kill bis polar Loftmassen. Dotëscht kann et also ëmmer erëm zu Schauere kommen, déi an den ënnerschiddlechste Forme fale kënnen, dat och ëmmer erëm als Schnéi.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit bis de Freiden inclus tëscht 10 a 15 l/m² op eis duerkommen. Am Westen an am Osten soll et am naasste ginn, esou dotëscht an enger Sträif vun der Mëtt vum Süden bis erop an d’Mëtt vum Norde soll es am mannsten erofkommen. Och den europäeschen ECMWF rechent mat änleche Quantitéiten an ass mat 10 bis 14 l/m² dobäi. Vun der Verdeelung hier ass et och ganz änlech.
De franséischen ARPEGE ass mat tëscht 7 an 13 l/m² dobäi, et soll vum Westen/Nordwesten bis an de Nordosten eran, sou Richtung Veianen, am naasste ginn. Den däitschen ICON berechent bis un de Schluss vum genannten Zäitstral mat tëscht 6 a 14 l/m², laanscht de Weste soll de meeschte Reen erofkommen.
Duerchschnëttlech gesi sollte mir, op mannst wat dës Modeller ugeet, bei tëscht 8,25 a 14 l/m² ukommen. E gutt Stéck dovu wäert um Donneschde wuel kënnen als Schnéi erofkommen, dat méiglecherweis net nëmmen op de Koppe vum Land.