Ausbléck: Wéi vill reent et iwwert de Weekend?

Déi mëll & fiicht Stréimung wäert sech och de Weekend nach gutt bei eis bemierkbar maache. Besonnesch wat de Weekend méi al gëtt, wat och d’Nidderschlagsquantitéiten zouhuele kënnen.

A Richtung Sonnden tendenziell méi naass

Et si lo keng richteg grouss Reequantitéiten a Siicht, mee et gëtt awer trotzdeem e bësse méi naass an de nächsten Deeg.

Den amerikanesche Wiedermodell rechent mat tëscht 3 a 5 l/m² bis an de spéidere Sonndenowend eran. Dat meescht dovu soll eng Kéier laanscht d’Musel erofkommen an och laanscht de Weste vum Land. Vum Südweste bis an de Nordosten eran soll et mat ëm 3 l/m² am mannste reenen. Den europäeschen ECMWF gesäit am genannten Zäitraum tëscht 2 a 6 l/m² op eis duerkommen a gesäit also keng gréisser Differenz am Verglach zum amerikanesche GFS. D’Verdeelung ass awer eng aner, et soll nämlech am Norden am dréchenste bleiwen iwwerdeems et iwwert dem Südwesten an och an der Mëtt soll am naasste ginn.

De franséischen ARPEGE huet tëscht 2 a 5 l/m² an der Simulatioun a rechent an enger Sträif vun der Stauséigemeng bis eriwwer an d’Géigend vu Veianen mam meeschte Reen. Am Norden an och an der restlecher Südhallschent soll et mat ëm 2 l/m² manner reenen. Den däitschen ICON ass mat nach e bësse manner Reen ënnerwee a gesäit tëscht 1 a 6 l/m² op eis duerkommen. An der Géigend vu Veianen soll et am naasste ginn, mee awer och an der Südhallschent. De mannste Reen wier am héchste Norden mat ëm 1 l/m² ze erwaarden.

Hëlt een elo all déi ausgesicht Modeller, da sollen eis de Weekend iwwer bis an de spéidere Sonndenowend eran duerchschnëttlech tëscht 2 a 5,5 l/m² Reen erwaarden.