Ausbléck: Weidere Reen steet an de Startlächer

Wéi scho betount gehat, halen ech Iech wat de Reen ugeet méi genee um Lafenden. An dëse Stonne beweegt sech en Déifdrockgebitt mat séngem Kär vun Tschechien hier iwwer Polen an Däitschland ewech a wäert an der nächster Nuecht an engem grousse Bou zu Lëtzebuerg mam Nidderschlag a jee no Modellrechnung och mam Kär ukommen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis muer inclus mat Quantitéite vun tëscht 20 an 33 l/m². De Gros dovu soll tendenziell am Nordweste vum Land erofkommen. Den europäeschen ECMWF rechent mat 15 bis 30 l/m², dat meescht wier och dësem Modell no laanscht de Nordweste mee och äusserste Norde vum Land ze erwaarden.


D’Déif, wat eis de Reen bréngt, kënnt direkt aus Tschechien bei eis eriwwer

De franséischen ARPEGE gesäit och nawell nennenswàerte Reen op eis duerkommen, tëscht 20 an 30 l/m² solle bis de Méindemoien 0h bei eis erofkommen. De Norde soll dobäi de meeschte Reen ofkréien. Mam mannste Reen ass den däitschen ICON dobäi, dëse berechent 15 bis 25 l/m². Tendenz: am Nordweste reent et am meeschten.

De Fazit: Dat ugeschwaten Déif bréngt eis bis de Sonndenowend spéit/Méindemoie fréi gréisser Reequantitéiten vun ongeféier tëscht 15 an 30 l/m². Natierlech kann et plazeweis Differenzen no ënne mee och no uewe ginn.