Ausbléck: Weideren Hëtzt-Peak um Donneschden

An der zweeter Wochenhallschent kënnt d’Hëtzt zréck op Lëtzebuerg. Haaptsächlech laanscht Musel kënne plazeweis 35 Grad net ausgeschloss ginn.

Hëtzt aus Spuenien

Duerch e grousst Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik, wat sech de Freide knapp westlech vun de Britteschen Insele befanne wäert, gi waarm bis héichsummerlech Loftmassen aus dem Südweste vun Europa op Mëtteleuropa gedroen. Ënnerstëtzt gëtt dat ganzt vun héijem Loftdrock iwwert den ëstlechen Deeler vum Kontinent, wouduerch och nach deelweis déi waarm Loft aus dem Mëttelmierraum ugezaapt gëtt.

Grousswiederlag (GFS – wxcharts.com)

An Zuelen heescht dat, dass eis Temperaturen an de nächsten Deeg erëm klamme wäerten. Um Mëttwoch ass mat Maximaltemperature vu 24 bis 28 Grad areecht, um Donneschden ass mat 30 bis 34 Grad (plazeweis 35 Grad) schonn de Peak vun dëser Hëtzt-Situatioun ze erwaarden. An den Deeg drop geet et summerlech bis héichsummerlech virun: de Freide gëtt et 25 bis 33 Grad waarm, um Samsde fale mir mat 22 bis 26 Grad ënnert den héichsummerleche Niveau. De Sonnde kéint dann en Dag fir duerchzeotme sinn, well d’Temperaturen am Nomëtte just nach op e Maximum vun 18 bis 23 Grad klamme sollen.