Ausbléck: Weiderhin héichdrockdominant, net vill Reen

Bis Enn der Woch sti mir gréisstendeels ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock. Deem no ass also weiderhi net mat nennenswäertem Nidderschlag ze rechnen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 0 an 1 l/m². Wann eppes erofkomme soll, dann am warscheinlechsten am äusserste Norde vum Land – Zäitpunkt: vum Donneschdenomëtten un.

Och den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent mat tëscht 0 an 1 l/m². Tendenziell rechnet och dëse Modell domat, dass Reen am äusserste Norden a Nordweste vum Land am warscheinlechsten ass.

De franéische Modell ARPEGE gesäit dat net vill anescht. Tëscht 0 an 1 l/m² sinn ze erwaarden. Nieft der Reewarscheinlechkeet am Norde vum Land soll et och am äusserste Süde vum Land fir héchstens mol 1 l/m² duergoen.

Den däitschen ICON rechent erëm vill manner Reen wéi déi aner Modeller. Tëscht 0 a 0,5 l/m² sinn ze erwaarden, dat “meescht” laanscht Musel.

Och wa sech d’Modeller wat d’Géigenden ugeet net ganz sécher sinn, kann een awer ganz secher vun immens gerénge Quanttiéite schwätzen, déi eis bis de Freidenowend spéit a Punkto Reen bevirstinn.