Ausbléck: Zur Ofwiesslung mol erëm gréisser Nidderschlagsquantitéiten a Siicht

Et ass déi éischt Kéier zanter Wochen, dass eis d’Modeller erëm wierklech nennenswäert Reequantitéite simuléieren.

Grousse Kontrast zu de vergaangene Wochen

Den amerikanesche GFS rechent bis de Mëttwoch inclus mat Quantitéite vun tëscht 8 a 17 l/m². Dat meescht dovu soll am äusserste Norden erofkommen, dat mannst laanscht d’Musel. Den europäeschen ECMWF ass mat tëscht 5 a 15 l/m² dobäi a rechent laanscht den äusserste Nordweste mam meeschte Nidderschlag.

De franséischen ARPEGE simuléiert bis un d’Enn vum genannten Zäitraum Quantitéite vun tëscht 8 a 14 l/m². Erëm soll laanscht den äusserste Nordwesten am meeschte Reen erofkommen. Anescht wéi déi aner Modeller rechent dëse Modell awer och domat, dass mir et am Südoste laanscht d’Musel mat erhéichte Quantitéite kéinten ze di kréien.

D’Quantitéite gi net wäit auserneen. Och den däitschen ICON rechent mat 8 bis 13 l/m², also änleche Wäerter. Och d’Verdeelung soll eng änlech sinn.


D’Reequantitéite bis de Mëttwochowend spéit, simuléiert vum däitschen ICON | Animatioun: wxcharts.com

Probéiert ee mat den ausgesichte Modeller op e gemeinsame Nenner ze kommen, da sinn aus aktueller Siicht gesi Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 7,3 a 14,8 l/m² ze erwaarden. Natierlech kann et och lokal drënner oder eventuell esouguer driwwer goen.

Déi weider Aussiichte fannt Dir ënnert dësem Link.