
GONZALO kéint haut en Hurrikan ginn
Den Tropestuerm GONZALO, dee sech de Moment ~770 Kilometer vum südamerikanesche Festland an ~1.300 Kilometer fort vu Barbados (kleng Antillen) befënnt, soll sech de Berechnunge vum National Hurricane Center no haut um Donneschden an en Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson-Skala verstäerken. E beweegt sech mat séngem Kär a Richtung Westen a soll am Laf vum Weekend, viraussiichtlech de Samsden an de Sonnden, iwwert déi kleng Antillen ewechzéien. Dëst mat zolittem Reen a gemëttelte Wandvitesse vun ëm 118 km/h. An de Spëtzte sollen ëm 135 km/h méiglech sinn.
Iwwerdeems den amerikanesche Wiedermodell GFS domat rechent, dass de Stuerm ufanks der nächster Woch kuerz virun der Dominikanescher Republik zesummefält, berechent de kanadesche GDPS, dass sech de GONZALO iwwert dem karibesche Mier weiderbeweegt a sech eventuell Mëtt der Woch bei Yucatán verstäerke kéint. Iwwerdeems soll sech iwwert de nerdlëche klengen Antillen e weideren Tropestuerm forméieren. Dir mierkt: d’Berechnunge gi nach zimmlech wäit auserneen. Alles wat vum Méinden u geschitt ass immens onsécher.
Weider Entwécklung am Golf vu Mexiko méiglech
De Moment läit am Golf vu Mexiko eng tropesch Stéierung, aus där sech dem NHC no an Zäit vun de nächsten 48 Stonne mat enger 80%eger Warscheinlechkeet en Tropestuerm forméiere kéint an iwwer déi nächst 5 Deeg mat Ronn 90%.